Guggenheim-Musée Bilbao
De Guggenheim-Musée zu Bilbao ass e Musée fir modern an zäitgenëssesch Konscht zu Bilbao am spuenesche Baskeland. En huet de 17. Oktober 1997 seng Dieren opgemaach an ass ee vun de véier Muséeë vun der Solomon R. Guggenheim Foundation. De Musée ass virun allem och fir seng Architektur bekannt, déi vum Frank Gehry entworf gouf, an déi Steen, Glas, Waasser an Titan verknëppt.
Déi aussergewéinlech Ausstralung vum Musée op d'Stad gëtt haurdesdaags als Guggenheim-Effekt bezeechent. Ronn eng Millioun Leit kommen all Joer op Bilbao wéinst dem Musée.[1]
De Musée huet eng permanent Sammlung, weist awer och zäitweileg Wierker aus der New-Yorker Stëftung.
Direkter ass de Juan Ignacio Vidarte.
Musée mam Weier, der "La Salve"-Bréck an "Tulips" vum Jeff Koons
Spanne-Skulptur "Maman" vun der Louise Bourgeois
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Comment le Guggenheim a transformé Bilbao - Le Figaro, 15 octobre 2007.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- (fr) Offiziell Websäit