Guillaume Hotton

Vu Wikipedia

De Guillaume Hotton, gebuer 1577 am Ardennerduerf Hotton (deemools Herzogtum Lëtzebuerg, haut an der belscher Provënz Lëtzebuerg) a gestuerwe 1629, war e Jesuittepater deen a Neispuenien gelieft a geschafft huet.

Hien ass den éischte Lëtzebuerger an der neier Welt, vun deem et dokumentéiert Berichter gëtt. Den Hotton war fir d'éischt Paschtouer a sengem Heemechtsduerf, ier en an de Jesuittenuerden agetratt ass an als Missionnaire a Mexiko goung. De Pater Martin de Bruges ernimmt den Hotton am Februar an am Abrëll 1617 an zwéi Bréiwer aus Mexiko. Et gëtt och zwéi Bréiwer vum Hotton selwer, aus Mexiko (Oktober 1617) a vu Cynaloa (Sinaloa - Januar 1618). De Pater Hotton beschreift doran, wéi d'Indioen un grain qu'ils nomment mayse ubauen an doraus eng Zort Brout maachen. Hie schreift och vun enger herbe, aus där d'Urawunner Branntewäin, Ueleg, Esseg, Kleeder, Seeler a Pabeier maachen. Bei där Planz handelt et sech héchstwahrscheinlech ëm d'Agav.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]