Op den Inhalt sprangen

Guillaume Salomon

Vu Wikipedia
Guillaume Salomon
Gebuer 6. November 1881
Gestuerwen 21. Juni 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Guillaume (Gilly) Salomon, gebuer de 6. November 1881 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv, war e Lëtzebuerger Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.

Hie war Viraarbechter an der Händschefabréck a war mat der Rose Lieblich bestuet. 1921 huet hie mat där hiren zwéi Bridder, dem Fred an dem Idek Lieblich, d'Schonggeschäft Gilly, am Gilly-Haus, um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.

De Guillaume Salomon war och bekannt als Hobby-Zauberer an huet sech "Professeur Gilly" genannt.

Well hien a seng Fra d'Gefor fir d'Judden an Europa virausgesinn hunn, ass hien 1939 mat senger Famill an dat deemolegt Palestina geflücht. Hien ass den 21. Juni 1944 zu Tel-Aviv gestuerwen.