Op den Inhalt sprangen

H-alpha

Vu Wikipedia
Observatioun vun eiser Sonn duerch en H-alpha Teleskop
Visuelle Beräich vum Waasserstoff-Spektrum mat de Linnen Hα (riets) bis Hζ (lénks). Déi zwou Linne lénks sinn mat dem A net méi ze gesinn, si goufe mat UV-empfindleche Sensoren opgeholl

Als H-alpha oder gëtt an der Astronomie an an der Physik déi hellst Spektrallinn vum ioniséierte Waasserstoff (cheemescht Symbol: H) am visuelle Liicht bezeechent. Si läit am roude Liicht bei enger Wellelängt vu 656,28 Nanometer an ass vu besonnescher Bedeitung fir d'Sonnenobservatioun. Speziell Interferenzfiltere wéi de Fabry-Pérot-Interferometer, loossen d'Sonneliicht nëmmen an deem Beräich passéieren, wouduerch déi genee Struktur vun der ieweschter Sonneschicht (Chromosphär) mat de Sonnefakelen a Filamenter siichtbar gëtt.

Well Waasserstoff dat bei wäitem heefegst cheemescht Element am Weltraum ass, sinn Observatioune mat H-alpha-Filteren net nëmme fir Stären, mä och fir Gasniwwel an aner Himmelsobjeten opschlossräich.

D'Hα-Linn ass déi hellst vun enger ganzer Serie vu Linnen, déi no hirem Entdecker dem Jakob Balmer, Balmer-Serie genannt gouf. Déi aner Linne ginn Hβ, Hγ asw. genannt, woubäi Hβ am gréngbloe Liicht läit, Hγ am blovioletten an Hδ um violette Bord vum visuelle Spektrum. Weider Linnen (Hε, Hζ, …) fale schonn an den UV-Beräich a goufen eréischt méi spéit entdeckt. D'Wellelängte vun där Stralung ginn emittéiert, wann en Elektron vun engem méi héijen zum zweetdéifsten[1] Energieniveau vu senger Bunn ëm den Atomkär „erofspréngt“. Ëmgekéiert gi si absorbéiert, d. h. et gëtt donkel Linnen, wann en Elektron aus afalendem Liicht déi Energie hëlt, déi et zum Iwwergang op ee méi héijen Energieniveau brauch.

Portal Astronomie

  1. D'Elektroneniwwergäng vum/zum déifsten Energieniveau vum Waasserstoffatom gi Lyman-Serie genannt a leien am ganz kuerzwellegen UV (121 → 91 nm). D'Iwwergäng vum/zum drëtten Elektronenniveau (Paschen-Serie) läit dogéint am noen Infrarout.