HEAO-2

Vu Wikipedia
Den HEAO-2 (Einstein)

Den HEAO-2 oder High Energy Astronomy Observatory 2, no sengem Start och Einstein-Observatoire genannt, war dat éischt grousst Röntgenteleskop am Weltraum mat gudder Ofbildungsqualitéit.

HEAO-2 gouf vun der National Aeronautics and Space Administration entwéckelt an den 12. November 1978 mat enger Atlas-Centaur-Rakeéit vu Cape Canaveral aus an eng niddreg Äerdëmlafbunn geschéckt. Bis Abrëll 1981 war de Satellit a Betrib an hat dat éischt grousst Wolter-Teleskop u Bord. Géintiwwer fréierer Röntgensatellite war d'Emfindlechkeet staark verbessert an d'raimlech Opléisung mat nëmmen e puer Bousekonne ganz gutt. Dës Verbesserung berout op Ënnersich vu Kribsaen (Crustaceen) vum Professer Klaus Vogt a goufe vum Astronom J.L. G. Angel ëmgesat. Nieft dem Haaptteleskop mat véier Instrumenter fir den Energieberäich 0,15-4,5keV besëtzt et och nach iwwer e Röntgenmonitor fir de Beräich 1,5-20keV. Mat dëse Fäegkeete huet HEAO-2 grouss Fortschrëtter a ville Beräicher vun der Röntgenastronomie bruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]