Haffbibliothéik

Vu Wikipedia

Eng Haffbibliothéik ass eng Bibliothéik, déi direkt mat enger fürstlecher Residenz zesummenhänkt.

Fir d'éischt gouf eng Haffbibliothéik fir de Karel de Groussen nogewisen.

An Däitschland si se zanter dem 16. Joerhonnert verbreet (se gi Schlass- oder Fürstebibliothéike genannt). Um Ufank vum 19. Joerhonnert hunn d'Haffbibliothéiken duerch d'Säkularisatioun (Räichsdeputatiounshaaptschloss 1803) bedeitend Bestandsgewënner gemaach, besonnesch u mëttelalterlechen Handschrëften an Inkunabelen, well hinnen déi meescht Klouschter- an Doumbibliothéiken zougefouert goufen.

No dem Éischte Weltkrich goufe vill däitsch Haffbibliothéiken a Staats- oder Landesbibliothéiken ëmgewandelt. Eenzel Haffbibliothéike wéi déi Fürstlech Fürstenbergesch Haffbibliothéik Donaueschingen blouwen a Privatbesëtz.

Bedeitend fréier Haffbibliothéike sinn zu München (fréier Haffbibliothéik vun den Herzogen a Kinneke vu Bayern, elo Bayeresch Staatsbibliothéik), Stuttgart (fréier Haffbibliothéik vun den Herzogen a Kinneke vu Württemberg, elo an der Württembergescher Landesbibliothéik, Berlin (fréier Haffbibliothéik vun de preisesche Kinneken, elo Staatsbibliothéik zu Berlin) a Wien (fréier Haffbibliothéik vum Keeser vun Éisträich, elo Éisträichesch Nationalbibliothéik).

Och de Lëtzebuerger Groussherzog ënnerhält eng Haffbibliothéik.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Haffbibliothéik.