Hanna Waag

Vu Wikipedia
Hanna Waag
Gebuer 24. Mee 1904
Gießen
Gestuerwen 13. August 1995
Gießen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller

D'Hanna Waag, gebuer de 24. Mee 1912 als Johanna Elisabeth Justine Beck zu Gießen an och do den 13. August 1995 gestuerwen, war eng däitsch Schauspillerin.

D'Hanna Waag huet hir éischt Rollen 1929 an den däitsche Stommfilmer Das brennende Herz an Die Ehe gehat. Am meeschte Succès hat se an den 1930er Jore mat Tounfilmer wéi Der Mörder Dimitri Karamasoff (1931), Walzerkrieg 1933, Regie: Ludwig Berger) an Der Hund von Baskerville (1936), hirem leschte Film.

1938 ass si mat hirem Mann, dem Filmarchitekt Rudolf Bamberger, op Lëtzebuerg an den Exil gaangen, wou se ënner dem Numm Jeanne Bamberger-Beck gelieft huet. Hire Mann ass am Januar 1945 am KZ Auschwitz ëmbruecht ginn.

An den 1950er Joren ass si nees op Gießen wunne gaangen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]