Harold D. Babcock
Ausgesinn
Harold D. Babcock | |
---|---|
Gebuer | 24. Januar 1882 |
Gestuerwen |
8. Abrëll 1968 Pasadena |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
University of California, University of California |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Royal Society, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society, National Academy of Sciences |
Den Harold Delos Babcock, gebuer de 24. Januar 1882, a gestuerwen den 8. Abrëll 1968, war en US-amerikaneschen Astronom.
De Babcock huet op der Universitéit vu Kalifornien zu Berkeley studéiert a vun 1907 bis 1948 um Mount Wilson-Observatoire geschafft.
De Babckock hat sech um Gebitt vun der Sonnespektroskopie spezialiséiert. Dobäi huet hien d'Verdeelung vun de Magnéitfelder op der Sonnenuewerfläch kartéiert.
Zesumme mat sengem Jong, Harold W. Babcock, konnt hie staark magnéitesch Felder vu Stären noweisen.
Am Joer 1953 gouf hie mat der Bruce Medal ausgezeechent.