Haupeschkierch zu Wëntreng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Wëntreng
Filialkierch vu Wëntreng (2013)
Filialkierch vu Wëntreng (2013)
Uertschaft / Plaz Wëntreng
Par Rëmerschen
Dekanat Réimech
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Architekt(en) É. Galowich
Baujoer 1959 - 1960
Koordinaten 49° 30’ 04.5’’ N
06° 21’ 07.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Wëntreng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Rëmerschen, zum Parverband Schengen-Wellesteen, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Réimech an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf tëscht den zwee Stecker vun der Wäistrooss, dem CR152.

Zur fréierer Par Rëmerschen gehéiert ausser der Filialkierch vu Wëntreng och nach d'Parkierch vu Rëmerschen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1959-60 no Pläng vum Architekt Étienne Galowich gebaut. 1986 gouf se banne vum Architekt Jean Petit renovéiert, woubäi e wichtege Punkt war, dee stengenen Héichaltor vu 1609 aus dem Atelier vum Tréirer Sculpteur Hans Ruprecht Hoffmann ze revaloriséieren, e Wierk an deem sech den Iwwergang vun der Spéitrenaissance zum fréie Barock manifestéiert. Um Altor ass den operstanene Christus mat Kräiz a Weltkugel iwwer dem eidele Graf ze gesinn. Um Hannergrondrelief sinn d'Silhouette vun der Stad Jerusalem a vum Kalvariebierg ze gesinn. D'Wopen um Altoropbau weisen hin op d'Famillen de Musset a von Walderfingen.

An der Kierch stinn nach eng Rei Statuen aus dem Atelier Greeff vun Altwis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Wëntreng – Biller, Videoen oder Audiodateien