Heinrich Höcklin von Steinach

Vu Wikipedia
Heinrich Höcklin von Steinach
de Wopen
Gebuer 15. Joerhonnert jul.
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Aktivitéit Archivist

Den Heinrich Höcklin von Steinach war tëscht 1473 a 1517 Sekretär vum Hougeriicht zu Lëtzebuerg. Vu 1498 u war hien ausserdeem Archivist.[1]

Enn vum 15. Joerhonnert huet hien um Neie Maart, haut de Krautmaart, en Haus baue gelooss, dat dat eelst bis haut erhalent Wunnhaus an der Stad Lëtzebuerg ass.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Haus Höcklin von Steinach.

Hie war zweemol bestuet, fir d'zweet mat der Jacqueline von Busleyden/vu Bauschelt, enger Sëschter vum François a vum Jérôme.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Michel Pauly: "Wohnviertel in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg." ons stad Nr.102/2013, S.10-13.