Helgrindur

Vu Wikipedia
Grundarfjörður mat Deeler vun den Helgrindur-Bierger am Hannergrond.
Vue vum Breiðafjörður aus.

Helgrindur ("Zonk vun der Hell") ass den Numm vun enger Rëtsch Bierger (wouvun deen héchste mat 988 Meter de Kaldnasi ass), op der Hallefinsel Snæfellsnes, südwestlech vu Grundarfjörður am Weste vun Island.

D'Biergmassiv geet vun Egilsskarð an dem Bierg Tröllkerling (873 m) am Südosten bis bei de Kaldnasi (988 m) am Nordwesten. Do béit en of no Norden a geet bis bei de Mýrarhyrna (578 m).[1]

Am Helgrindur-Massiv ass och den Zentralvulkan vum Vulkansystem Lýsuskarð. Dëst läit tëscht deem vum Snæfellsjökull an dem vum Ljósufjöll.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ari Trausti Guðmundsson, Pétur þorleifsson: Íslensk fjöll. Gönguleiðir á 151 tind. Reykjavík (Mál og Menning) 2004, S. 100