Snæfellsnes

Vu Wikipedia
Lokalisatioun

Snæfellsnes ass eng Hallefinsel an Weste vun Island. Se läit westlech vum Borgarfjörður. No Norden hi läit se um Breiðafjörður-Fjord, no Süden hin un der Faxaflói-Bucht.

Den Numm heescht souvill wéi Schnéibierg-Hallefinsel, a bezitt sech op de Snæfellsjökull, en 1.446 héije Stratovulkan op der westlecher Spëtzt vun der Hallefinsel. Dëse läit am Snæfellsjökull-Nationalpark, engem vun de véier Nationalparken an Island.

Op der Hallefinsel leien d'Gemenge Snæfellsbær, Helgafellssveit, Grundarfjörður, Stykkishólmur an en Deel vu Dalabyggð mat hiren Uertschaften.

Bei Hellissandur steet de Sendemast Gufuskálar vum islännesche Radio, dee mat senge 412 Meter dat héchst Bauwierk an Europa ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ari Trausti Guðmundsson, Lebende Erde. Facetten der Geologie Islands. Reykjavík, Mál og Menning, 2007.
  • Thor Thordarsson, Ármann Höskuldsson: Iceland. Classic Geology in Europe 3. Harpenden, Terra, 2002, S. 162 ff.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Snæfellsnes – Biller, Videoen oder Audiodateien