Snæfellsjökull

Vu Wikipedia
De Snæfellsjökull

De Snæfellsjökull (IPA: ['stnaiːfɛlsˌjœkʏtl]) ("Schnéiebierggletscher") ass en 1.446 m héije Stratovulkan um westleche Wupp vun der Hallefinsel Snæfellsnes op Island. E läit um Territoire vun der Gemeng Snæfellsbær.

Déi kleng Caldera vum Vulkan ass vun engem Gletscher ausfëllt. De Vulkan ass zirka 700.000 Joer al an an deene leschten 10.000 Joer eppes méi wéi 30-mol ausgebrach. Déi lescht bekannt Eruptioun war virun ongeféier 1.800 Joer. Deemools ass et och an der Emgéigend vum Bierg zu Ausbréch komm. Zanterhier ass et roueg, ma de Vulkan gëllt nach ëmmer als aktiv.

De Gletscher huet eng Fläch vun 12,5 km². De Waasserfall Klukkufoss gëtt vu Waasser aus dem Gletscher gefiddert.

De Vulkan läit matzen am Snæfellsjökull-Nationalpark, deen no him genannt gouf an 2001 gegrënnt gouf.

A kloren Deeg kann een e vu Reykjavík aus gesinn, dat eng 120 km Loftlinn ewech läit.

De Snæfellsjökull ass och bekannt, well en am Jules Verne sengem Roman Voyage au centre de la Terre d'Entréeshiel fir an d'Ënnerwelt ass. Den islänneschen Nationaldichter Halldór Laxness huet em mat sengem Roman Kristnihald undir jökli e litererescht Monument gesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Snæfellsjökull – Biller, Videoen oder Audiodateien