Op den Inhalt sprangen

Hendrik van Gent

Vu Wikipedia
Hendrik van Gent
Gebuer 14. September 1900
Rotterdam
Gestuerwen 29. Mäerz 1947
Amsterdam
Nationalitéit Kinnekräich vun den Nidderlanden
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Astronom

Den Hendrik van Gent, gebuer 1900, a gestuerwen den 29. Mäerz 1947 zu Amsterdam, war en hollänneschen Astronom.

Hien huet mat sengen Observatiounen um Observatoire vu Leiden an Holland ugefaangen, goung awer no kuerzer Zäit a Südafrika, wou hie laang um Union-Observatoire zu Johannesburg geschafft huet, fir de südleche Stärenhimmel besser erfuerschen ze kënnen.

Hien huet do Enn vun den 20er Joren an Ufanks vun den 30er Joren, 39 Asteroiden entdeckt, dorënner och deen no him genannten Asteroid (1666) Van Gent.

Doriwwer eraus war hie Mat-Entdecker vun 3 Koméiten: den C/1941 K1 (van Gent), den C/1943 W1 (van Gent-Peltier-Damaica) an den C/1944 K2 (van Gent).

De van Gent ass jonk un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Entdeckt Asteroiden

[änneren | Quelltext änneren]
(1132) Hollandia13. September 1929
(1133) Lugduna13. September 1929
(1165) Imprinetta24. Abrëll 1930
(1225) Ariane23. Abrëll 1930
(1226) Golia22. Abrëll 1930
(1267) Geertruida23. Abrëll 1930
(1336) Zeelandia9. September 1934
(1337) Gerarda9. September 1934
(1342) Brabantia13. Februar 1935
(1353) Maartje13. Februar 1935
(1383) Limburgia9. September 1934
(1384) Kniertje9. September 1934
(1385) Gelria24. Mee 1935
(1389) Onnie28. September 1935
(1666) Van Gent22. Juli 1930
(1667) Pels16. September 1930
(1670) Minnaert9. September 1934
(1686) De Sitter28. September 1935
(1689) Floris-Jan16. September 1930
(1693) Hertzsprung5. Mee 1935
(1694) Kaiser29. September 1934
(1738) Oosterhoff16. September 1930
(1752) van Herk22. Juli 1930
(1753) Mieke10. Mee 1934
(1879) Broederstroom16. Oktober 1935
(1914) Hartbeespoortdam28. September 1930
(1925) Franklin-Adams9. September 1934
(1945) Wesselink22. Juli 1930
(1946) Walraven8. August 1931
(1986) Plaut28. September 1935
(2019) van Albada28. September 1935
(2203) van Rhijn28. September 1935
(2378) Pannekoek13. Februar 1935
(2801) Huygens28. September 1935
(2831) Stevin17. September 1930
(2945) Zanstra28. September 1935
(4296) van Woerkom28. September 1935
(4359) Berlage28. September 1935
(4511) Rembrandt28. September 1935