Herbesthal

Vu Wikipedia
Herbesthal
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Lontzen
Koordinaten 50° 39’ 42’’ N
      05° 59’ 07’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4710

Herbesthal ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Lontzen an der Provënz Léck.

D'Uertschaft stéist am Westen u Welkenraedt. D'Nationalstrooss N67 déi do Rue Mitoyenne heescht, mécht d'Grenz tëscht den zwou Uertschaften. Se huet bis 1920 d'Landesgrenz mam Däitsche Räich gemaach, dohier och den Numm Rue Mitoyenne.

Bis 1966 war Herbesthal mat senger Gare op der Streck Léck-Oochen un den internationale Schinneverkéier ugebonnen, souwéi mat Raeren op der Vennbunn iwwer d'Linn 49 a bis 1953 mat Eupen iwwer Tramsstreck N° 577.