Walhorn

Vu Wikipedia
Walhorn
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Lontzen
Koordinaten 50° 40’ 29’’ N
      06° 02’ 43’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4711

Walhorn ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Lontzen, déi zu der Däitschsproocheger Communautéit an der Provënz Léck gehéiert.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Walhorn eng eegestänneg Gemeng. D'Uertschaft Astenet gehéiert zu der Sektioun Walhorn.

De Bann vu Walhorn huet fréier zum Herzogtum Limburg gehéiert. Vum 12. Joerhonnert un, bis 1815 hat Walhorn seng eege Geriichtsbarkeet.

Haut ass Walhorn bekannt duerch d'Laiterie de Walhorn, déi iwwer 500 Millioune Liter Mëllech am Joer verschafft.

Iwwer den Territoire vu Walhorn lafen d'Europastrooss E40, déi do en Deel vun der A3 (Autoroute Roi Baudouin) ass, an déi nei Héichvitessstreck LGV 3.

Un d'Stroossennetz ass Walhorn ugebonnen duerch d'Nationale 68, déi do en Deel vun der E 421 ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Molkerei vu Walhorn