Hermann Gisin
Ausgesinn
Hermann Gisin | |
---|---|
Gebuer |
11. Mäerz 1917 Montreux |
Gestuerwen |
16. August 1967 Genf |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Entomolog |
Den Hermann Gisin, gebuer den 11. Mäerz 1917 zu Montreux (CH) a gestuerwen de 16. August 1967 zu Genf, war e Schwäizer Zoolog.
Den Hermann Gisin war e Spezialist vun de Collembolen. Hie war Conservateur am Muséum d'histoire naturelle vu Genf.
Am Joer 1954 huet hien dem Alphonse Eichhorn déi nei Collembolenaart Onychiurus eichhorni dediéiert, déi op Material baséiert huet, dat den Eichhorn zu Stroossen an zu Nidderkäerjeng gesammelt hat. Den aktuellen Numm vun der Aart ass Protaphorura eichhorni (Gisin, 1954).[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Besuchet, C., 1967. Dr Hermann Gisin, 1917-1967. Verhandlungen der Schweizerischen Naturforschenden Gesellschaft 147, S. 193-198.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 156.