Protaphorura eichhorni

Vu Wikipedia
Protaphorura eichhorni
Protaphorura eichhorni Paratype aus dem Naturmusée

Protaphorura eichhorni Paratype aus dem Naturmusée
Protaphorura eichhorni Paratype aus dem Naturmusée
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Hexapoda
Klass: Entognatha
Uerdnung: Collembola
Famill: Onychiuridae
Gattung: Protaphorura
Wëssenschaftlechen Numm
Protaphorura eichhorni
(Gisin, 1954)


Protaphorura eichhorni ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Famill vun den Onychiuridae, déi bis elo nëmme vu Lëtzebuerg bekannt ass[1] an deemno als endeemesch ugesi ka ginn.

Si ass am Joer 1954 vum Schwäizer Collembolespezialist Hermann Gisin (1917-1967) als nei Aart ënner dem Numm Onychiurus eichhorni beschriwwe ginn, an zwar unhand vu Material, dat den Alphonse Eichhorn, deem de Gisin den Aartennumm dediéiert huet, zu Stroossen an zu Nidderkäerjeng gesammelt hat.[2] Si gouf spéider an d'Gattung Protaphorura klasséiert (am Ufank mam falsch geschriwwenen Aartennumm eichorni.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fauna Europaea.
  2. Massard 2015, S. 156.
  3. Salmon, J.T., 1964. An Index to the Collembola, Volume 2. Royal Society of New Zealand, Bulletin No. 7, S. 171. Cf. Checklist of the collembola: Onychiurinae: Species eichhorni (Gisin, 1954) Salmon, JT, 1964:171, Syn.: Protaphorura eichorni (sic) Salmon, JT, 1964:171.