Hierschtvéiereck
Ausgesinn
Den Hierschtvéiereck ass kee richtegt Stärebild, mä eng Konstellatioun vun opfällege Stären, eng véiereckeg Formatioun, déi aus de Stären Alpha Pegasi (Markab), Gamma Pegasi (Algenib), Sirrah, a Scheat.
Den Hierschtvéiereck kann owes am Hierscht a südëstlecher Richtung gesi ginn. E läit iwwer dem Himmelsequator.
Bis op de Sirrah, deen zum Stärebild Andromeda gehéiert, gehéieren d'Stären all zum Stärebild Pegasus, soudatt den Hierschtvéiereck och Pegasusquadrat genannt gëtt.