Himmelskönig, sei willkommen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Himmelskönig, sei willkommen ass eng geeschtlech Kantat vum Johann Sebastian Bach.

Mat der Ernennung vum Bach zum Concertsmeeschter um Haff vu Weimar huet hien all Mount eng nei Kantat misse komponéieren. D'Kantat Himmelskönig sei willkommen ass mat grousser Wahrscheinlechkeet deen éischte Weimarer Kompositiounsoptrag. Als Textdichter gëtt op Grond vum Stil de Salomon Franck ugeholl, deen zu där Zäit haaptsächlech fir de Weimarer Haff zoustänneg war, och wann et dofir keen eendäitege Beleg gëtt. D'Kantat gouf wuel fir d'éischt Kéier op Pällemsonndeg, 25. Mäerz 1714, an der Schlasskapell opgefouert.

D'Kantat thematiséiert den Anzug Jesu op Jerusalem an den Ufank vun der Passiounszäit. De gleewege Chrëscht gëtt opgefuerdert, als Merci fir d'Affer Jesu dem Gottesjong säin Häerz ze widmen, an och am Leed zu Jesus ze stoen.

D'Wierk markéiert den Ufank vum Iwwergang vum Komponist vum traditionelle Choralconcert als Kantatentypus vum 17. Joerhonnert zu modernen, haaptsächlech vun italieneschen Aflëss markéierte Kantateformen. Op den ale Stil weist déi schlicht Besetzung mat Blockflütt an engem klengen Ensembel hin, souwéi déi ënnergeuerdent Roll vum Rezitativ, dat an dësem Wierk nëmmen eemol a ganz kuerz a Form vun engem Bibelwuert virkënnt. Dem neie Stil entsprécht d'Féierung vun der Soloviolin, déi vun den Italiener inspiréiert ass, an d'markant Roll vun den dräi kontemplativen Arien an Da capo-Form. Am grousse Ganze geléngt et dem nach jonke Bach, an andrécklecher Manéier mat ënnerschiddlechste musikalesche Mëttelen de Sënn vum Text duerzestellen. Hie bedéngt sech dobäi haaptsächlech bei der italienescher Oper mat hire musekalesche Formele fir verschidden Affekter duerchzestellen. Beispillhaft dovir sinn d'Mineurharmonien am Schlusschorus op d'Wuert "Leiden".

Besetzung[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]