Hirschkou vu Keryne

Vu Wikipedia

D'Hirschkou vu Keryne war an der griichescher Mythologie e grousst Monster mat gëllenen Houf an engem gëllene Gewei dat op de Felder vun Arkadien grouss Verwüstunge gemaach huet.

D'Hirschkou war eng vun de fënnef Hindinnen, déi d'Juegdprouf fir d'Gëttin Artemis waren. Nodeem d'Artemis déi véier éischt erluecht hat, hat déi lescht et fäerdeg bruecht sech an de Bësch ze verfuussen. Doropshin huet d'Artemis mat der Juegd opgehalen, well d'Hirschkou vum Schicksal bestëmmt gi war, datt den Herakles sech bei der Juegd op si sollt midd maachen.

D'Hirschkou vu Keryne war déi drëtt vun den 12 Aufgaben déi de Kinnek Eurystheus dem Herakles ginn hat. Hie sollt d'Hirschkou lieweg an onverletzt bei hien op Mykene bréngen.

D'Juegd huet ee Joer gedauert, bis den Herakles, der Hirschkou déi sou flénk war, datt se engem Fäil konnt auswäichen, beim Floss Ladon e Feil an d'Been geschoss huet, a se domat um Fortlafe gehënnert huet.

Den Herakles huet doropshin d'Hirschkou gefesselt, an op de Schëlleren op Mykene gedroen. Ënnerwee ass dem Herakles d'Artemis an hire Brudder Apollo begéint.

Wéi d'Artemis gesinn huet wat den Herakles um Réck hat, huet d'Artemis dem Herakles Virwërf gemaach. Doropshin huet hien der Artemis erkläert, datt dës eng Aufgab vum Kinnek Eurystheus wier. Hie géif awer dofir suergen, datt d'Hirschkou no der Erfëllung vun der Aufgab géif fräi kommen. Wéi den Herakles dunn zu Mykene ukomm war, wollt hien datt de Kinnek d'Hirschkou selwer a seng Menagerie brénge sollt.

Dem Kinnek ass doropshin d'Hirschkou fortgelaf. Domat hat den Herakles seng Aufgab erfëllt a säi Verspriechen un d'Gëttin agehalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ceryneian Hind – Biller, Videoen oder Audiodateien