Historic.UL. Association des étudiants en histoire de l'université du Luxembourg

Vu Wikipedia
Logo vun der Historic.UL

D'Historic.UL. Association des étudiants en histoire de l'université du Luxembourg ass e Studenteveräi fir Lëtzebuerger Geschichtsstudenten op der Universitéit Lëtzebuerg deen den 20. Abrëll 2016 gegrënnt gouf.[1],[2]

D'Historic.UL ass vum Office of Student Life (OSL) unerkannt[3] an huet hiren offizielle Sëtz um Belval.[4]

D'Associatioun ass zanter dem 26. Dezember 2016 Member vun der ACEL.[5]

Hir Ziler bestinn ënner anerem doran, d'Lëtzebuerger Geschichtsstudente vun der Universitéit Lëtzebuerg ze regruppéieren, den Echange tëscht de Bachelor- (Bachelor en Culture Européenne – Filière Histoire) an de Masterstudenten (Master en histoire européenne contemporaine) ze fërderen, senge Memberen Informatiounen iwwer de Studium ze ginn an d'Studenteliewen um Belval z'animéieren.[6] D'Historic.UL ass onpolitesch an net konfessionell.

Si schafft enk mat weidere Studentenassociatiounen, wéi der gläichfalls 2016 gegrënnter, University of Luxembourg English Studies Student Association, kuerz ULESSA, zesummen[7], woubäi versicht gëtt de Fokus vun den Aktivitéiten op de Campus Belval ze konzentréieren. Och mam historeschen Institut (IHIST) an dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni.lu huet d'Historic.UL gutt Verbindungen.

Zu hiren Aktivitéiten zielen ënner anerem d'organiséiere vu Stammdëscher, Grillowender, Visite guidéeën, Serien- respektiv Kinosowender, Pubquiz'en an Änleches. Dobäi versicht d'Historic.UL besonnesch Erasmus-Studente mat anzebannen, fir datt se op der Uni.lu besser eens ginn an d'Geschicht an d'Entwécklung vu Lëtzebuerg kënne léieren.[8] Gläichermoossen hëllefe se bei der Organisatioun vu Konferenzen vu Let´s talk about History, engem Konferenzzyklus ënnert der Direktioun vun Doktoranden.[7]

Lëscht vun de Presidenten a Coordinateure vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Nr. Akadeemescht Joer President/in Coordinateur/rice Vize-president/in Eckdaten
1 2015/2016 Jérôme Courtoy Jim Carelli / Grënnung vum Veräin, Unerkennung duerch d'Universitéit Lëtzebuerg
2 2016/2017 Tobias Gieb Jessica Leuck / Unerkennung duerch d'ACEL
3 2017/2018 Aurélia Lafontaine ; Tobias Gieb / / Collaboratioun mam C2DH bei der Organisatioun vun der Konferenz Shaping the Europe of the future[9]; Éischt grouss Studentenparty organiséiert vun den Studenteveräiner
4 2018/2019 Gilles Lanners ; Aurélia Lafontaine / / Organisatioun vu Visites Guidées iwwer d'Geschicht vum Belval an der Uni.lu um Open Day an um Welcome Day, sou wéi am Kader vum Student fir en Dag Reesen op verschidden Universitéiten an Zesummenaarbecht mam Office of Student Life vun der Uni Lëtzebuerg.
5 2019/2020 Gilles Lanners ; Tom Theis / / idem
6 2020/2021 Charles Trufelli / Alex Lassine idem
7 2021/2022 Morgane Denozi / Alex Lassine idem
8 2022/2023 Morgane Denozi / Alex Lassine idem

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mywort-Artikel: Assemblée constituante de l´association des étudiants en Histoire de l'Université de Luxembourg - Historic.UL asbl
  2. Statute vun der Historic.UL am Mémorial C
  3. Datéierung vun der Unerkennung um Site vun H-Europe
  4. D'Historic.UL am registre du commerce et des associations
  5. Lëscht vun den Cerclë vun der ACEL
  6. Objectiver vun der Historic.UL
  7. 7,0 7,1 Oplëschtung vun de Collaboratioune vun der Associatioun um Site vun H-Europe
  8. Newsletter Stay Tuned Nr.3
  9. Shaping the Europe of the future