Hotel Walsheim

Vu Wikipedia

De Walsheim oder och nach Anvers-Walsheim war en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Hotel deen der Famill Christen gehéiert huet, hat 1938 12 Zëmmeren; um Rez-de-chaussée war den Trois-Quatre, e Café mat engem Danz- a Festsall.

D'Clientèle vum Hotel waren haaptsächlech Véihändler.

Eng Zäit laang gouf den Hotel ënner dem Numm Excelsior gefouert, dëst an Erënnerung un en Hotel mat deem Numm, deen ëm 1930 an der Neipperg-Strooss existéiert hat.

Méi spéit gouf den Hotelbetrib agestallt an de Walsheim bestoung just nach als Brasserie.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

De Walsheim ass ëm 2010 ofgerappt gi fir duerch e Geschäfts- a Bürosgebai ersat ze ginn, dat vum Architektebüro TetrArchitecture geplangt gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]