Houfelter Kanal
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
am Wanter | |||||
| Land | |||||
| Ufank | 50° 05’ 54.90’’ N 05° 54’ 36.40’’ O | ||||
| Enn | 50° 06’ 05.00’’ N 05° 55’ 52.20’’ O | ||||
| Eegenschaften | |||||
| Längt | 1,800 km | ||||
| Héicht Ufank | 433 m | ||||
| Héicht Enn | 433 m | ||||
| Gabarit | Gabarit Betchette | ||||
| Infrastrukturen | |||||
| Geschicht | |||||
| Bau | 1827-1830 | ||||
| A Betrib geholl | goung ni a Betrib | ||||
| Architekt(en) Ingenieur(en) |
Remi De Puydt | ||||
Den Houfelter Kanal ass e Waasserlaf zu Lëtzebuerg am Éislek, an der Gemeng Wëntger. De Kanal ass nieft dem Agank vum Kanaltunnel bei Houfelt den eenzegen Iwwerrescht vum geplangte Meuse-Musel-Kanal, op Lëtzebuerger Terrain.
En huet eng Längt vu ronn 1800 Meter. Säin Ufank ass 800 Meter westlech vun Houfelt, a ronn 1 km no der Uertschaft, bilt en zesumme mat der Helzenerbaach, d'Emeschbaach.
De Kanal läit op enger Héicht vu 430 Meter, leeft vu Westen no Osten, a gëtt vun der klenger Baach Kalburen gefiddert déi hir Quell op enger Héicht vu 465 Meter tëscht de Bëscher Alebësch a Jongebësch am Weste vun Houfelt huet.
