Hueweler Halt
Ausgesinn
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hueweler Halt | |
---|---|
D'Hueweler Halt | |
An anere Sproochen | fr: Hovelange-Halte |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Biekerech |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Koordinaten |
49° 43’ 30.1’’ N 05° 54’ 00’’ O |
D'Hueweler Halt ass e Lieu-dit an der Gemeng Biekerech.
Se läit op enger Héicht vun 301 Meter um CR301 op der Hallschent tëscht dem leschten Haus vu Biekerech, der fréierer Waxweileschschmillen, an den éischten Haiser vun Huewel op der Plaz wou d'Atertlinn iwwer d'Strooss féiert. Den Numm krut se wéinst der Halt op där Linn tëscht der Näerdener Gare an der Äischener Gare eng ronn 2,3 km vum Nordkapp vum Habschter Tunnel ewech.
Nei Haiser déi an de leschten zwanzeg Joer opgeriicht goufen, hunn déi eidel Gewan laanscht Strooss tëscht der Halt an Huewel opgefëllt. Fréier stoungen do nëmme 5 Gebaier, dovun d'Eisebunnsstatioun, zwou Wiertschaften, 1 Privathaus, an de Schneideratelier Klopp.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
- Atertlinn
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Keiser Fernand, D'Halte vun Huewel am Laf vun de Joren, 2006