Hydre Éditions
Ausgesinn
Hydre Éditions S.à r.l. ass e lëtzebuergesche Verlag, deen op Theater- a Kuerztexter spezialiséiert ass. De Verlag krut säin Numm vun der Hydra vu Lerna, enger Kreatur aus der anticker griichescher Mythologie.
De Verlag Hydre Éditions S.à r.l. mat Sëtz um Briddel gouf de 25. Abrëll 2012 vum Schrëftsteller Ian De Toffoli gegrënnt[1]
Nieft dem Verlag huet de Ian De Toffoli zesumme mat de Schauspiller Luc Schiltz a Pitt Simon zwéi Veräiner gegrënnt:
- Hydre Éditions Événementiel a.s.b.l., de 27. Mäerz 2011 zu Lëtzebuerg gegrënnt.[2]
- Hydre Éditions a.s.b.l., den 29. Dezember 2011 zu Lëtzebuerg gegrënnt.[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmit, Laurent & Stéphanie Majerus, 2013. «Des petits bijoux» - Entretien avec Ian de Toffoli, cofondateur de Hydre Éditions. forum 334: 55.