Hygieia

Vu Wikipedia

D'Hygieia (gr. Υγιεία oder Υγεία) ass an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Gesondheet, d'Duechter vum Asklepios (enger anerer Versioun no seng Fra). Hir Schwëster war d'Panakeia. Mat him zesummen ass si zu Epidauros, awer och u verschiddenen anere Plazen, veréiert ginn.

D'Déier wat hir helleg war, ass d'Schlaang. Si ass och Agathe Theos genannt ginn an zu Roum als Bona Dea (Gutt Gëttin) veréiert ginn.

D'Wuert "Hygiène" ass vun hirem Numm ofgeleet ginn. Meeschtens gëtt si mat engem Füllhorn voller Friichten duergestallt. Den Eed vum Hippokrates fänkt u mat de Wierder: "Ech schwiere beim Apollo a beim Asklepios a bei der Hygeia an alle Gëtter a Gëttinnen..."

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hygieia – Biller, Videoen oder Audiodateien