Hëllef:Tabellen

Vu Wikipedia

Tabelle sinn eng strukturéiert Duerstellung vun Informatiounen. Si hunn de Virdeel, vis-à-vis vu Lëschten, datt si méi Informatiounen, déi visuell a semantesch strukturéiert sinn, kënnen erfaassen.

Well Tabelle méi komplizéiert si wéi normalen Text, solle se nëmmen do agesat ginn, wou et wierklech néideg ass fir eng besser Iwwersiicht ze hunn. Anerefalls kann eng Lëscht genee de selwechten Déngscht leeschten.[1]

D'Wikipedia huet eng eegen Syntax fir Tabellen ze maachen. Déi klassesch HTML-Syntax kann och agesat ginn.

Déi einfachst Method[änneren | Quelltext änneren]

Am einfachsten erstellt een mat engem Tableur (OpenOffice.org Calc oder Microsoft Excel) oder mat engem Textprogramm e Fichier am Format CSV (Comma-separated values), deen een da mat engem Online-Converter automatesch an eng Wikimedia-konform Tabell ëmwandelt.

Als Beispill hei déi follgend "Einfach Tabell" am CSV-Format:

"Stad";"Autonom Gemeinschaft";"Autonomie zanter";"Bevëlkerung 2007"
"Madrid";"Flag of the Community of Madrid.svg Madrid";"1. Mäerz 1983";"3.132.463"
"Barcelona";"Flag of Catalonia.svg Katalounien";"22. Dezember 1979";"1.595.110"
"Valencia";"Flag of the Land of Valencia (official).svg Valencia";"10. Juli 1982";"797.654"

Einfach Tabell[änneren | Quelltext änneren]

Autonom Gemeinschaften a Spuenien
Stad Autonom Gemeinschaft Autonomie zanter Bevëlkerung 2007
Madrid Madrid 1. Mäerz 1983 3.132.463
Barcelona Katalounien 22. Dezember 1979 1.595.110
Valencia Valencia 10. Juli 1982 797.654

Quelltext

{| class="prettytable"
|+ Autonom Gemeinschaften a Spuenien
|- class="hintergrundfarbe5"
! Stad          !! Autonom Gemeinschaft !! Autonomie zanter  !! Bevëlkerung 2007
|-
| [[Madrid]]    || [[...|Madrid]]       || 1. Mäerz 1983     || style="text-align:right" | {{formatnum:3132463}}
|-
| [[Barcelona]] || [[...|Katalounien]]   || 22. Dezember 1979 || style="text-align:right" | {{formatnum:1595110}}
|-
| [[Valencia]]  || [[...|Valencia]]     || 10. Juli 1982     || style="text-align:right" | {{formatnum:797654}}
|}

Erklärungen

  • D'Zeechen { steet am Ufank vun enger Tabell an d'Zeechen zum Schluss.
  • D'Attribut {{{1}}} ass dofir do, fir datt déi ganz Tabell no de Virgaben vun der Klass formatéiert gëtt. Dëst gesait vir, datt Trennlinnen tëscht den Zeilen an tëscht den Zellen sinn, an och, datt tëscht dem Inhalt vun der Zell an dem Rand vun der Zell Plaz geloss gëtt (cellpadding).
  • D'Zeechen erlaabt et en Titel fir d'Tabell ze definéieren, deen zentréiert a fett iwwer der Tabell placéiert gëtt.
  • Zeilen, déi mat engem Ausrufezeechen ( ! ) ufänken, définéieren d'Kappzeile vun den Tabellen. Den Text an enger Zell vu sou enger Zeil gëtt zentréiert a fettgeschriwwen. Déi normal Tabellenzeilen fänken dogéint mat engem senkrechten Trennstrëch ( ) un.
  • D'Zeechen !! trennen d'Titelzelle vun enger Kappzeil déi nieftenee leien.
  • Den Tag fänkt eng nei Tabellenzeil un, wann en am Quelltext um Ufank vun der Zeil steet.
  • D'Zeechen trennen Tabellenzellen déi nieftenee leien.
  • Fir den Inhalt vun enger Tabellenzell rechts auszeriichten, setzt een virum Inhalt vun der Zell (cf. Kolonn 4). Kuck och → Zelleninhalt ausriichten
  • D'Schabloun {{formatnum:3132463}} bewierkt eng automatesch Formatléierung vun Zuelen (cf. Kolonn 4).

Zortéierbar Tabell[änneren | Quelltext änneren]

Stad Autonom Gemeinschaft Autonomie zanter Bevëlkerung 2007
Madrid Madrid 1983-03-011. Mäerz 1983 3.132.463
Barcelona Katalounien 1979-12-2222. Dezember 1979 1.595.110
Valencia Valencia 1982-07-1010. Juli 1982 0.797.654
Zomm 5.525.227

Quelltext

{| class="prettytable sortable"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Stad !! class="unsortable" | Autonom Gemeinschaft !! Autonomie zanter !! Bevëlkerung 2007
|-
| [[Madrid]]    || [[...|Madrid]]     || {{Dts|1|Mäerz|1983}}     || style="text-align:right" | {{formatnum:3132463}}
|-
| [[Barcelona]] || [[...|Katalounien]] || {{Dts|22|Dezember|1979}} || style="text-align:right" | {{formatnum:1595110}}
|-
| [[Valencia]]  || [[...|Valencia]]   || {{Dts|10|Juli|1982}}     || style="text-align:right" | {{formatnum:0797654}}
|- class="sortbottom hintergrundfarbe5"
| Zomm          ||                    ||                          || style="text-align:right" | {{formatnum:5525227}}
|}

Erklärungen

  • Bei der Definitioun vun der Klass gëtt d'Attribut sortable beigesat: {{{1}}}. Dat suergt dofir, datt all Kolonn sortéierbar gëtt, ausser et huet een explizit Kolonnen dovun ausgeschloss, andeems een virun dem jeeweilegen Titel vun der Kolonn an der Kappzeil gesat huet (hei am Beispill déi 2. Kolonn).
  • Fir Datumer ze sortéieren brauch een nëmmen d'Schabloun Dts anzesetzen, dobäi gëtt den Datum eenheetlech duergestalt an e gëtt domat sortéierbar (hei am Beispill déi 3. Kolonn).
  • Bei der Sortéierung vun enger Kolonn vun Zuelen, déi riets ausgeriicht sinn, kann et zu Problemer kommen, well d'Zuelen net déi selwecht Längt hunn (cf. déi lescht Kolonn). Entweder et setzt een Nulle virun deene kierzeren Zuelen oder et setzt een de Code {{formatnum:{{padleft:797654|7|0}}}} a fir z'erreechen datt all d'Zuelen déi selwecht Längt kréien (an dësem Fall setzt de Code souvill Nulle virun der Zuel bis si siewestelleg gëtt).
  • Fir eng Tabellenzeil aus der Sortéierung auszeschléissen kritt si d'Klass {{{1}}} verpasst (hei am Beispill déi lescht Zeil).

Tabellenausriichtung[änneren | Quelltext änneren]

Par défaut ass eng Tabell par Rapport zum Text lénks ausgeriicht.

Rechts Ausriichtung[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Tabell riets zum Text auszeriichten, muss dat mat der zousätzlecher Klass float-right am Attribut gemaacht ginn: {{{1}}}.

Virnumm Numm Wunnuert
Léonie Lamesch Gantebeensmillchen
Léandre Schrobiltgen Hannerstuppich


Quelltext

{| class="prettytable float-right"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm         !! Wunnuert
|-
| Léonie  || Lamesch      || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}

Zentréiert Ausriichtung[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Zentréiere vun der Tabell par Rapport zum Text gëtt déi zousätzlech Klass centered benotzt: {{{1}}}.

Virnumm Numm Wunnuert
Léonie Lamesch Gantebeensmillchen
Léandre Schrobiltgen Hannerstuppich


Quelltext

{| class="prettytable centered"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm         !! Wunnuert
|-
| Léonie  || Lamesch      || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}

Tabell op maximal Breed astellen[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Tabell op 100 % Breed vum sichtbaren Text anzestelle gëtt déi zusätzlech Klass center benotzt: {{{1}}}. Dobäi gëtt den Inhalt vun den Zellen och zentréiert ausgeriicht.

Virnumm Numm Wunnuert
Léonie Lamesch Gantebeensmillchen
Léandre Schrobiltgen Hannerstuppich


Quelltext

{| class="prettytable center"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm         !! Wunnuert
|-
| Léonie  || Lamesch      || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}

Formatage vun Zelleninhalter[änneren | Quelltext änneren]

Zelleninhalt ausriichten[änneren | Quelltext änneren]

Par défaut ass den Inhalt vun enger Zell lénks ausgeriicht. Fir eng aner Auszeriichtung setzt een dat Stilelement align oder den CSS-Code text-align virum Inhalt vun der Zell.

Ausriichtung Formatéiert Zell Einfache Code CSS-Code
Lénks Kuck wou's de stees a ween's de bas,
Den Zolwerknapp as kee Parnass!
keen néideg keen néideg
Zentréiert Kuck wou's de stees a ween's de bas,
Den Zolwerknapp as kee Parnass!
align="center" | style="text-align:center" |
Rechts Kuck wou's de stees a ween's de bas,
Den Zolwerknapp as kee Parnass!
align="right" | style="text-align:right" |

Eidel Zellen[änneren | Quelltext änneren]

Fir sécher ze goen, datt eidel Zellen korrekt duergestalt ginn, soll een dee speziellen Espace   drasetzen. Dee Code heescht op Englesch "non breaking space".

Zeilenëmbroch verhënneren oder erzwéngen[änneren | Quelltext änneren]

Eng festgeluechte Breed vun enger Kolonn kann dozou féieren, datt en Zeilenëmbroch automatesch den text op enger onpassender Plaz ënnerbrëcht. D'Zeechen &nbsp; am Plaz vun engem normalen Espace tëscht zwee Wierder verhënnert en Zeilenëmbroch tëscht dëse Wierder. De Code <br /> erzwéngt en Zeilenëmbroch.

Ëmbroch Zellentext Code
keen Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins
verhënnert Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins {{{1}}}
erzwongen Die unerträgliche
Leichtigkeit des Seins
{{{1}}}
  1. Et soll ee keng Tabelle benotzen fir Lëschten a Kolonnen opzedeelen, well dat keng visuell a semantesch Strukturéierung duerstellt. Et ass besser, d'Schabloun Schabloun:Div col anzesetzen, déi de Code vun enger Oplëschtung net ënnerbrécht.