Fëschsaurier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ichthyosaurier)
Fëschsaurier
E Fëschsaurier (Heinrich Harder, 1916

E Fëschsaurier
(Heinrich Harder, 1916
E Fëschsaurier
(Heinrich Harder, 1916
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Ënnerklass Diapsida
Iwweruerdnung: Ichthyopterygia
Uerdnung: Fëschsaurier
Wëssenschaftlechen Numm
Ichthyosauria
Blainv., 1835

D'Fëschsaurier (Ichthyosauria) oder Ichthyosaurier sinn eng Grupp ausgestuerwe Reptiller aus dem Zäitalter Mesozoikum.

Si ware vollstänneg un d'Liewen am Waasser ugepasst an hunn nëmmen am Mier gelieft.

Genee sou wéi d'Fluchsaurier (Pterosauria) an d'Plesiosaurier (Plesiosauria) hu si net zu den Dinosaurier gehéiert, mä hunn eng eege Reptiliegrupp duergestallt.

D'Fëschsaurier hu virun 250 bis circa 90 Millioune Joer gelieft an hu sech aus véierbeenegen Echsen, déi u Land gelieft hunn, entwéckelt. Fir z'ootmen hu si missen iwwer d'Waasseruewerfläch kommen a fir sech fortzebewegen hu si sech am Mier duerch säitlech Schléi vun hirem Schwanz viru gedriwwen. Well se net méi u Land konnte goe fir hir Eeër ze leeën, hunn d'Weibercher am Mier lieweg Jonker op d'Welt bruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ichthyosauria – Biller, Videoen oder Audiodateien