Iconomaques
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Iconomaques ass den Numm vun enger lëtzebuergescher Konschtbeweegung, déi 1954 an d'Liewe geruff gouf, an déi d'abstrakt Molerei zu Lëtzebuerg e grousse Schrack virubruecht huet.
Zu hire Grënnungsmemberen zielen de Joseph Probst, seng Fra Colette Probst-Wurth, de Will Dahlem, den Henri Dillenburg, de François Gillen, de Frantz Kinnen, den Emile Kirscht, de Wenzel Profant, de Michel Stoffel an de Lucien Wercollier. E puer vun hinne ware virdru an der Nouvelle Équipe involvéiert.