Idiot

Vu Wikipedia

De Begrëff Idiot ass eng Beleidegung. E bezeechent en domme Mënsch a kënnt vum griicheschen ἰδιώτης (idiotes), wat wäertfräi bis haut "Privatpersoun" bedeit. Dat Wuert huet an der Polis Persoune bezeechent, déi sech aus ëffentlechen a politeschen Ugeleeënheeten erausgehalen hunn a keng offiziell Funktioun haten, och wann hinnen dat méiglech war.

Et gouf an d'Laténgescht als idiōta iwwerholl, wou d'Bedeitung sech geännert huet: "Fuscher", "Dilettant", "onwëssende Mënsch". Méi spéit gouf de Begrëff allgemeng op Laien oder Persoune mat niddregem Bildungsniveau benotzt.

An der Medezin an an der Psychologie war d'Diagnos Idiotie fir bestëmmt Forme vu geeschteger Behënnerung bis an d'fréit 20. Joerhonnert geleefeg, mä ass haut awer komplett aus der Nomenclature verschwonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]