Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
Éisträich, Lëtzebuerg, Schwäiz, Däitschland |
| Première | 19. Oktober 2023 |
| Dauer | 110 min |
| Faarf | Faarweg |
| Originalsprooch | Däitsch |
| Ekipp | |
| Regie | Margarethe von Trotta |
| Dréibuch | Margarethe von Trotta |
| Fotografie | Martin Gschlacht |
| Schnëtt | Hansjörg Weißbrich |
| Produzent |
Katrin Renz, Bady Minck, Alexander Dumreicher-Ivanceanu, Bettina Brokemper |
| Produktiouns- gesellschaft | Amour Fou |
| Schauspiller | |
|
Vicky Krieps, Ronald Zehrfeld, Tobias Resch, Basil Eidenbenz, Luna Wedler, Marc Limpach | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste ass en éisträichesch-schwäizeresch-lëtzebuergesche Film vun der Margarethe von Trotta, deen den 19. Februar 2023 an der offizieller Selektioun vun de Filmfestspiller zu Berlin seng Avant-Première hat. Et ass eng Filmbiographie iwwer d'Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann (gespillt vun der Vicky Krieps) an där hir Bezéiung zum Max Frisch.
E koum am Oktober 2023 an Däitschland an d'Kinoen.
Ëm wat geet et am Fim?
[änneren | Quelltext änneren]De Film erzielt vum Liewe vun der éisträichescher Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann, déi zu Berlin, Zürich a Roum gelieft huet. En thematiséiert ënner anerem hir Relatioun mam Max Frisch, hir Rees an Egypten, souwéi hir radikal Texter a Liesungen. De Motto vun hirer Literatur wéi vun hirem Liewe war: "Et kann een dem Mënsch d'Wourecht zoumudden".[1]
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Film gouf tëscht dem 28. Mäerz 2022 an dem 6. Juni 2022 zu Wien, Roum, Zürich a Lëtzebuerg (Studioopnamen am Filmland) gedréint.[2][3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit bei polyfilm.at
- Fiche op der Websäit vum Éisträichesche Filminstitut
- Berlinale-Profil
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste. In: polyfilm.at (nogekuckt 23. Januar 2023).
- ↑ "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." op crew-united.com, 5. Februar 2023.
- ↑ "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste 2022/2023 Spielfilm." filmportal.de, gekuckt 20.02.2023.
