Institut grand-ducal
Den Institut grand-ducal ass en offiziellt Organ, dat 1868 ënner dem Numm Institut royal grand-ducal fir d'Promotioun vun de Wëssenschaften, der Konscht an der Literatur gegrënnt gouf[1].
Den Institut grand-ducal besteet aus sechs Sektiounen. Et sinn dat:
- Section historique
- Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques
- Section des sciences médicales
- Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (zanter 1997 den neien Numm vun der fréierer Section de linguistique, de folklore et de toponymie)
- Section des arts et lettres
- Section des sciences morales et politiques
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Den Institut royal grand-ducal ass de 24. Oktober 1868 aus dem Zesummeschloss vun dräi Gesellschaften, der Société archéologique, der Société des sciences naturelles an der Société des sciences médicales, entstanen. Den Institut royal grand-ducal gouf an dräi Sektiounen opgedeelt:
- Section des sciences historiques
- Section des sciences naturelles et mathématiques
- Section des sciences médicales
Nom Doud vum Wëllem III. am Joer 1890 gouf aus dem Institut royal grand-ducal den Institut grand-ducal.
Aus der Société luxembourgeoise d'études linguistiques et dialectologiques à Luxembourg ass 1935 eng véiert Sektioun ervirgaangen[2]:
- Section de linguistique, de folklore et de toponymie.
1962 ass eng fënneft Sektioun derbäikomm[3]:
- Section des arts et lettres
Déi sechst Sektioun ass 1966 gegrënnt ginn[4]:
- Section des sciences morales et politiques.
Duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 2017[5] ass den Institut eng moralesch Persoun ginn, déi ënnert dem Schutz vum Grand-Duc steet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Laurent Moyse, Regards sur l'Institut grand-ducal: Une institution vénérable mais peu connue - Six sections composent la prestigieuse "société savante du Luxembourg ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 4. Oktober 2011, Ss. 2-3 (ill.).
- L'Institut grand-ducal renaît ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 10. November 2011; S. 11.
- (C.), Réactiver l'Institut grand-ducal - Assemblée générale de l'organisation faîtière ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 24. November 2011.
- Jérôme Quiqueret, Savante idée: Né en 1869, l'Institut grand-ducal cherche toujours un toit - L'Institut pourrait bientôt commencer une nouvelle vie ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 24. November 2011; S. 41 (ill.).
- Pierre Seck, 2017, L'Institut Grand-ducal et ses six Sections. Mémoires de l'Académie nationale de Metz, 197e année (2016), série 7, t. 29, p. 265-272.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Institut grand-ducal
- Websäit vun der Section des sciences médicales
- Websäit vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique
- Websäit vun der Section des arts et lettres
- Websäit vun der Section des sciences
- Artikel "Raumnot beim Institut-Grand-Ducal, Wertvolle Bücher in Bananenkisten" an der Zeitung D'Wort vum 16. November 2006
- Pol Schock, „Im Dornröschenschlaf“ - Das Institut grand-ducal de Luxembourg erhält eine gesetzliche Grundlage, ringt aber nach Bedeutung op wort.lu den 3. Januar 2018, gekuckt den 3. Januar 2018
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 24 octobre 1868 portant approbation du règlement pour l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg Archivéiert de(n) 15.03.2007. Gekuckt de(n) 18.10.2006.
- ↑ Arrêté du 26 novembre 1935, portant création d'une Section de linguistique, de folklore et de toponymie à l'Institut Grand-Ducal
- ↑ Règlement ministériel du 5 janvier 1962 portant création d'une Section des arts et des lettres de l'Institut Grand-Ducal
- ↑ [1]Règlement ministériel du 23 novembre 1966 portant création d'une Section des sciences morales et politiques de l'Institut Grand-Ducal
- ↑ Loi du 21 décembre 2017 concernant l'Institut grand-ducal op legilux.lu, dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung.