Intelsat 18
Intelsat 18 | |
---|---|
Typ | Kommunikatiounssatellit |
Bedreiwer | Intelsat |
COSPAR-Bezeechnung | 2011-056A |
Fabrikant | Orbital ATK |
Transponder | 24 am C-Band, 12 am Ku-Band |
Bandbreet | 16 × 72 MHz + 8 × 36 MHz am C-Band an 12 × 72 MHz am Ku-Band |
eirp | 32–36 dbW |
Energieleeschtung | 6,8 kW |
Batterien | zwou 4,84 kWh Li-Ion Batterien |
Undriff | Zweestoff-Flëssegkeetsrakéiten fir den Transport an den Orbit an Hydrazindreifwierker am Orbit |
Aktuell Positioun | 180,0° Ost |
Start | 5. Oktober 2011, 21:00 UTC |
Startplaz | Baikonur |
Startgewiicht | 3.200 kg |
Satellittebus | Star 2.4E |
Liewensdauer | 17 Joer (geplangt) |
Drorakéit | Zenit 3SLB |
Status | aktiv |
Intelsat 18 ass en Televisiounssatellit vum International Telecommunications Satellite Consortium (Intelsat) mat Sëtz zu Lëtzebuerg.
De Satellit gouf vun der Firma Orbital ATK gebaut an de 5. Oktober 2011 mat enger Zenit-3-Drorakéit vum Kosmodrom Baikonur aus an de Raum transportéiert. Seng Liewensdauer ass fir 17 Joer virgesinn. D'Zenit-Rakéit hat de Satellit ufanks op eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht an no der Trennung vun der Rakéit um 3:34 Auer UTC de 6. Oktober 2011 mat Hëllef vun e puer Uewerstufenzündunge Blok-DM-SL an e Geotransfertorbit bruecht. Vun do aus koum de Satellit an den nächsten Deeg mat eegenem Undriff op seng definitiv geostationär Positioun bei 180° ëstlecher Längt.[1]
Intelsat 18 ersetzt den Intelsat 701 vun 1993 a beliwwert vu senger Positioun aus Nordamerika, Franséisch Polynesien, d'Cook-Inselen, Australien, Neiséiland, Neikaledonien, Vanuatu, Fiji, Tonga, Samoa a weider Inselen am Pazifik souwéi an Ostasien mat Bild- an Datendéngschter. Dofir huet en zwou ausklappbar Antenne mat jee 2,5 × 2,7 Meter Duerchmiesser an eng um Satellit montéiert Antenn mat 1,4 Meter Duerchmiesser, souwéi 24 C-Band- an 12 Ku-Band-Transpondere mat Wanderfeldrouerverstärker. Déi sinn an zwou Gruppen zu jee 16 resp. 8 Transponderen installéiert, sou datt der 8 resp. 4 als Reserve do sinn. D'Energie kënnt vu véier Panéile mat UTJ-Galliumarsenid-Solarzellen.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Raumfahrer.net: Zenit-3SLB transportiert Intelsat 18 ins All, Thomas Weyrauch / 6. Oktober 2011
- ↑ Orbital Science: Intelsat 18 Facts (PDF; 1,4 MB)