GeoStar

Vu Wikipedia

De GeoStar ass e Satellittebus fir kleng a mëttelgrouss Kommunikatiounssatellitte vun der amerikanescher Orbital Sciences Corporation.

Orbital fabrizéiert op de Grondlage vum Design fir de Client divers Notzlaaschten, déi op déi jeeweileg Ufuerderungen zougeschnidde sinn. Et ass kompatibel mat diverse Startsystemer a ka beispillsweis mat den Drorakéiten Atlas V, Ariane 5, Falcon 9 an Proton gestart ginn. De STAR-1 gouf am November 1997 bei IndoStar 1 fir d'éischte Kéier agesat an zanterhir an der verbesserter Versioun STAR-2[1] benotzt. 2011 gouf de Satellittebus an GeoStar ëmbenannt. Den éischte Satellit, deen ënner dësem Numm gestart gouf, ass den SES-8. Fir eng weider iwwerschaffte Versioun, nämlech den GeoStar-3, sinn nach 3 weider Satellitte bestallt.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

D'Grondstruktur vun den dräiachsestabiliséierte Satellitten huet eng Gréisst vun 1,75 m × 1,7 m × 1,8 m a besteet aus Aluminiumlegierungen a Verbondmaterialien. D'Eidelmass ass ëmmer 558 kg. D'Energieversuergung vum Satellit a senger Notzlaascht gëtt vun Galliumarsenid-Solarzelleflächen, déi bis zu 5 kW Leeschtung (an de spéidere Versioun bis zu 7,5 kW) bilden, zwee 4,84 kWh Lithium-Ionen-Akkumulatoren an ee 24-36 V-Gläichspannungs-Bussystem geséchert. Als Undriff kënnt am Orbit en Hydrazindreifwierk zum Asaz. D'Steierung iwwerhëlt e Prozessor MIL-STD-1750A mat engem MIL-STD-1553B- Bussystem. Fir d'Lagereegelung ginn Äerd- resp. Sonnesensoren an optional Stäresensoren agesat. D'Liewenserwaardung fir d'Satellitte gëtt mat 15 Joer uginn.[2]

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Gestart Satellitten[änneren | Quelltext änneren]

Bezeechnung Bus-Versioun Besteller Bestellungsjoer Startdatum (UTC) Drorakéit COSPAR-Bezeechnung Bemierkung
IndoStar 1 STAR-1 IndoStar 1993 12.11.1997, 21:48 Ariane-44L 1997-071B
BSAT-2a STAR-1 BSAT 1999 08.03.2001, 22:51 Ariane-5G 2001-011B
BSAT-2b STAR-1 BSAT 1999 12.07.2001, 22:58 Ariane-5G 2001-029B Feelstart, Ëmlafbunn ze niddreg
N-STAR c STAR-2 Nippon Telegraph and Telephone (NTT) 2000 05.07.2002, 23:22 Ariane-5G 2002-035B
Galaxy 12 STAR-2 Galaxy 2001 09.04.2003, 22:52 Ariane-5G 2003-013B
BSAT-2c STAR-1 BSAT 2001 11.06.2003, 22:38 Ariane-5G 2003-028A
Galaxy 14 STAR-2 Galaxy 2001 13.08.2005, 23:28 Sojus-FG/Fregat 2005-030A
Galaxy 15 STAR-2 Galaxy 2001 13.10.2005, 22:32 Ariane 5GS 2005-041A
Telkom-2 STAR-2 Telkom 2002 16.11.2005, 23:46 Ariane 5 ECA 2005-046A
Optus D1 STAR-2.4 Optus 2003 13.10.2006, 20:57 Ariane 5 ECA 2006-043B
Optus D2 STAR-2.4 Optus 2003 05.10.2007, 22:02 Ariane 5GS 2007-044A
Intelsat 11 STAR-2 Intelsat 2005 05.10.2007, 22:02 Ariane 5GS 2007-044B
Horizons 2 STAR-2 Intelsat 2005 21.12.2007, 21:42 Ariane 5GS 2007-063B
Thor 5 STAR-2 Telenor 2005 11.02.2008, 11:34 Proton-M/Bris-M 2008-006A
Measat-3A STAR-2 Measat 2005 21.06.2009, 21:50 Zenit-3 SLB 2009-032A
AMC-21 STAR-2 SES Americom 2006 14.08.2008, 20:44 Ariane 5 ECA 2008-038B
NSS-9 STAR-2 SES World Skies 2006 12.02.2009, 22:09 Ariane 5 ECA 2009-008A
Intelsat 16 STAR-2.4 Intelsat 2006 12.02.2010, 00:39 Proton-M/Bris-M 2010-006A
Optus D3 STAR-2.4 Optus 2007 21.08.2009, 22:09 Ariane 5 ECA 2009-044B
Intelsat 15 STAR-2.4 Intelsat 2007 30.11.2009, 21:00 Zenit-3 SLB 2009-067A
SES-1 STAR-2.4 SES World Skies 2007 24.04.2010, 11:19 Proton-M/Bris-M 2010-016A
SES-2 STAR-2.4 SES World Skies 2007 21.09.2011, 21:38 Ariane 5 ECA 2011-049A
Koreasat 6 STAR-2 Korea Telecom 2008 29.12.2010, 21:27 Ariane 5 ECA 2010-070B
New Dawn STAR-2.4 Intelsat 2008 22.04.2017, 21:37 Ariane 5 ECA 2011-016A C-Band-Reflekter-Antenn hat sech net opgemaach
SES-3 STAR-2.4E SES World Skies 2008 15.07.2011, 23:16 Proton-M/Bris-M 2011-035A
Intelsat 18 STAR-2.4E Intelsat 2008 05.10.2011, 21:00 Zenit-3 SLB 2011-056A
HYLAS 2 STAR-2.4E Avanti Communications 2009 02.08.2012, 20:54 Ariane 5 ECA 2012-043B
Intelsat 23 STAR-2.4E Intelsat 2009 14.10.2012, 08:37 Proton-M/Bris-M 2012-057A
OHO-1 STAR-2.3 OverHorizon 2009 2012 (ufanks) Ariane 5 ECA - Net gestart
Star One C3 STAR-2.4E Star One 2010 10.11.2012, 21:05 Ariane 5 ECA 2012-062A
MEXSAT-3 STAR-2.4E Secretaría de

Comunicaciones y Transportes

2010 19.12.2012, 21:49 Ariane 5 ECA 2012-075B
Africasat-1a STAR-2 Azercosmos 2010 07.02.2013, 21:36 Ariane 5 ECA 2013-006B
SES-8 GeoStar-2.4 SES World Skies 2011 03.12.2013, 22:41 Falcon 9 v1.1 2013-071A Éischte Start vun enger Falcon 9 an eng GTO
Thaicom 6 GeoStar-2.3 Thaicom 2011 06.01.2014, 22:06 Falcon 9 v1.1 2014-002A
Amazonas 4A GeoStar-2.4 Hispasat 2012 22.03.2014, 22:04 Ariane 5 ECA 2014-011B E Feeler am Stroumversuergungssystem huet d'Liewensdauer verkierzt
Amazonas 4B GeoStar-2

oder -3

Hispasat 2012 2015 (ufanks) ? - Net gestart, ëmgewandelt an Amazonas 5
Sky Mexico 1 GeoStar-2.4E DirecTV 2013 27.05.2015, 21:16 Ariane 5 ECA 2015-026B
Palapa-E GeoStar-2.4 Indosat 2013 ? ? - De Vertrag gouf vun Indosat gekënnegt,

well si d'Rechter fir d'Positioun 150,5° Ost verluer haten

Thaicom 8 GeoStar-2.3 Thaicom 2014 27.05.2016, 21:39 Falcon 9 v1.2 2016-031A
Al Yah 3 GeoStar-3 YahSat 2014 25.91.2018, 22:20 Ariane 5 ECA 2018-012A Kommunikatioun mat der zweeter Rakéitestuf goung aacht Minutten nom Start verluer, wouduerch den Orbit ze niddreg gouf

Bestallt Satellitten[änneren | Quelltext änneren]

Bezeechnung Bus-Versioun Besteller Bestellungsjoer Startdatum (UTC) (geplangt) Drorakéit Bemierkung
HYLAS-4 GeoStar-3 Avanti Communications 2014 16. Mäerz 2018[3] Ariane 5 ECA Zesumme mat Superbird 8
SES-16/GovStar-1 GeoStar-3 SES World Skies 2015 30. Januar 2018

21:23-23:37[3]

Falcon 9 v1.2
Eutelsat 5 West B GeoStar-2e Eutelsat 2016 2018 Proton-M/Bris-M
Galaxy 30[4] GeoStar-2e Intelsat 2018 Ufank 2020 Ariane 5 ECA Zesumme mat ?

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Growth of Orbital Sciences and the Market for Small GEO Satellites; Christopher W. Richmond; Senior Vice President, Orbital Sciences Global Communications
  2. STAR Bus Factsheet (Orbital) (PDF; 2,1 MB)
  3. 3,0 3,1 Steven Clark: (en) Launch Schedule
  4. (en) Galaxy 30 bei Gunter's Space Page