Op den Inhalt sprangen

Stäresensor

Vu Wikipedia
Optesche Kapp vum Sensor

Stäresensore sinn optesch Moossinstrumenter op der Basis vun CCD- an anere optoelektronesche Sensoren. Si hëllefe bei der Sich no hellen Himmelskierper a bei der Richtungsmiessung a ginn ënner anerem a follgende Beräicher agesat:

An der Raumfaart ziele Stäresensoren zu de wichtegste Sensore bei Systemer fir Lagreegelung a bei der Fluchlag – GNC (Guidance Navigation and Control Sensors) – woubäi si d'Lagreegelung vun de Kreeselplacke kontrolléieren an ënnerstëtze kënnen. Si orientéiere sech un hellen Himmelskierper (Stäre vun op d'mannst 1. Gréisst). Eng zanter 15 Joer verléisslech an automatiséierbar Prozedur ass dobäi:

  1. am Ufank d'Sich no der Sonn (z. B. spiralfërmeg), déi méiglechst genee am Gesiichtsfeld zentréiert gëtt,
  2. Ausriichte vun enger vun den Achsen op d'Sonn,
  3. uschléissend Dréinen ëm déi Achs, bis een am virausberechente Wénkel zu der Sonn agestallten Himmelskierper am Gesiichtsfeld vum Sensor erschéngt,
  4. zum Schluss Kontroll vun där (zweedeiteger) Peilung iwwer en drëtten Objet - entweeder e weidere Stär 1. Gréisst oder d'Wäermstralung vun der Äerd.

Modern Stäresensore ginn op d'Entwécklung vum Space Sextant zeréck, dee Mëtt vun den 1960er Jore fir den Apollo-Programm entwéckelt gouf an zanterhir agesat gëtt.

Als stellar Objete fir d'Schrëtter 3 a 4 ginn traditionell déi hell Stäre Sirius oder Canopus gebraucht. D'Genauegkeet an d'Automatiséierung vun där Astropeilmethod goufen ë. a. vun de russesche Kosmonauten an den 1980er Joren op der Raumstatioun Mir gebraucht an iwwerpréift, andeem si déi selwecht Prozedur mam optesche Space Sextant duerchgefouert hunn.

Generell kann een – och no der néideger Empfindlechkeet respektiv dem Spektralberäich – ëennerscheeden:

  • Äerdsensoren, déi sech un der Äerd orientéieren (och am Infrarout méiglech),
  • Sonnesensoren (ganz onempfindlech, awer séier),
  • a Stäresensore mat verschiddener Genauegkeet a Liichtempfindlechkeet. Ëm d'Joer 2000 war déi an der Raumfaart ausnotzbar Genauegkeet ongeféier 0,01°, wat z. B. fir Zwecker vun der Astrometrie nach ëm de Faktor 10 bis 100 ze verbessere wier.[1]

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Fir déi entspriechend technesch Grenze kuckt Zenitkamera an elektroneschen Tachymeter. Fir éischt Entwécklungen dozou kuckt Fa. Kern Aarau