Investors Overseas Services

Vu Wikipedia
Eng Part vun IOS.

Investors Overseas Services (IOS) war eng Holding am Beräich Investmentfongen, déi 1955 gegrënnt gouf an a Panama hire Sëtz hat, an déi vum Bernard Cornfeld geréiert gouf. Hire gréissten Investmentfong, den International Investment Trust gouf 1961 bei der Banque internationale à Luxembourg domiciliéiert. Seng Faillite frauduleuse, 1970, huet eng Rëtsch amerikanesch an europäesch Banken an d'Laberente bruecht, an Zéngdausende vu Leit ëm hiert investéiert Verméigen.

An den 1960er Joren hunn eng 25.000 Leit fir IOS geschafft, déi 18 verschidden Investissementsfongen a ganz Westeuropa, virun allem an Däitschland, verkaaft hunn.[1] E groussen Deel vun de Clienten waren US-Amerikaner, déi an Europa gelieft hunn, an déi d'Besteierung vun hirem Akommes an den USA vermeide wollten. 1965 hunn zwou Banke vun der IOS sech zu Lëtzebuerg etabléiert.[2]

Um Enn vun deem Joerzéngt war de Fong vun de Fongen, e Sammelfong vu gréisstendeels aneren IOS-Firmen, eng 2,5 Milliarden US-Dollar schwéier. Dëse Fong hat grousse Succès, wéi säin Aktiecours an d'Luucht goung, ma wéi dës uganks der 1970er gefall sinn, goufen d'Dividenden, déi no engem feste Prozentsaz festgeluecht waren, mam Kapital vun neie Clienten ausbezuelt, wat dat Ganzt de facto zu engem Pyramidespill gemaach.

De Cornfeld huet doropshin en Investmentpool mat aneren Investore gegrënnt, ma dat huet näischt gehollef an de Cours vun der Aktie ass vun 18 op 2 Dollar gefall. De Cornfeld huet dunn d'Hëllef vum Financier Robert Vesco ugeholl, dee selwer a finanzielle Schwieregkeete war. Dësen huet 500 Milliounen Dollar vun IOS benotzt, fir seng eegen Investissementer an der International Controls Corporation ze retten. Wéi dat bis erauskoum, war IOS de facto faillite, an de Vesco hat sech op Costa Rica ofgesat, a spéider an aner mëttelamerikanesch Länner. Zu Lëtzebuerg ware vun där Faillite enge 3% vun der aktiver Bevëlkerung betraff, déi hir Suen doran investéiert haten[2].

Déi Faillite huet mat sech bruecht, datt Lëtzebuerg eng éischt Kéier als dubiéis "Steieroas" an der internationaler Press opgedaucht ass.[3] Am Land selwer gouf dës Affär sou gutt e goung ënner den Teppech gekiert. Eng Aarbechtsgrupp, déi 2019 vum C²DH initiéiert gouf, an déin aus Leit vun den Unië Lëtzebuerg, Lausanne an Nanterre bestoung, huet probéiert méi iwwer d'Rezeptioun an d'Auswierkunge vun där frauduleuser Faillite am Land erauszefannen.[4] Grënn fir dëst Klenghale vun der Affär war an éischter Linn well de Ruff vun der Finanzplaz Lëtzebuerg méi wichteg war wéi d'Pertë vun den Dausende Klenginvestisseuren. Dobäi koum, datt mam DP-Deputéierten Emile Krieps an dem Chef d'Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Robert Winter, déi virdrun engagéiert gi waren, mat hirer Autoritéit fir d'Seriositéit vum Verkaf vun IOS-Produkter Reklamm ze maachen, aus der Schosslinn geholl hu misse ginn. Ëmmerhin gouf als Folleg en neit Reglement erlooss[5], dat de Verkaf vu Fonge vu Lëtzebuerg aus der Kontroll vum Commissaire au contôle des banques ënnerworf huet, dat awer éischter 'light touch' war.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: nl:Investors Overseas Services op der hollänneschsproocheger Wikipedia.
  2. 2,0 2,1 2,2 Bernard Thomas: "Feu sans fumée." In: d'Lëtzebuerger Land 31. Mai 2019, Nr.22, S.9.
  3. Vgl. "Ausverkauf bei IOS." Titelstory vun Der Spiegel, 21/1970, 18.05.1970.
  4. C²DH: FinLux Seminar, Spring 2019, op uni.lu.
  5. Arrêté Grand-ducal du 22 décembre 1972.