Irem (Sängerin)
Irem | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sänger |
![]() |
D'Irem Sosay, besser bekannt als Irem, ass eng lëtzebuergesch-tierkesch Pop-Sängerin.
Si huet dräi Joer am Conservatoire Braatsch geléiert a Solfège gemaach, an duerno Gittar geléiert. Spéider huet si och nach Gesankscoursen an der "Maacher Musekschoul" geholl[1].
Hir Debut-Single Ëmmer méi gouf vum Turnup Tun produzéiert a koum am Juni 2022 eraus[2]. Am September war si um lëtzebuergesche Rapper Sixo sengem Lidd Gold ze héieren, kuerz drop huet si den engleschen Titel Fading Rose erausbruecht.
Am Kader vun de Gemengen- a Chamberwalen 2023 huet RTL Lëtzebuerg fir de Projet "Eis Stëmmen" aacht Lëtzebuerger Kënschtler gefrot, e Lidd iwwer een Theema ze schreiwen, dat hinne wichteg ass. D'Irem huet d'Lidd Nach e Schrëtt iwwer Aktivismus, Fraerechter a Feminismus bäigedroen[3],[4].
Am Abrëll 2023 war d'Irem zesumme mam Angel Cara ee vun de Opener vum Concert vum Chaild an der Kulturfabrik. Den 30. Juni huet déi 21 Joer al Sängerin hir éischt EP Look at Me mat fënnef Lidder a fënnef Sprooche verëffentlecht. Nieft der engleschsproocheger éischter Singleauskopplung mam selwechten Numm waren déi aner Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Tierkesch, respektiv Franséisch[5],[2]. Och déi Lidder goufe vum Turnup Tun produzéiert. E puer Méint méi spéit koum dunn d'Popnummer I Love You? op Englesch eraus.
2024 huet d'Irem mat Turkish Delight am Mee an der Ballad Taylor Songs am November zwou Singelen op Däitsch erausbruecht. Donieft souz si am Januar vun deem Joer an der Jury, déi d'Lidder vum Eurovision Song Contest 2024 fir Lëtzebuerg bewäert huet.[6],[7]
Diskografie
[änneren | Quelltext änneren]EP
[änneren | Quelltext änneren]- 2023: Look at Me
Singelen
[änneren | Quelltext änneren]- 2022: Ëmmer méi
- 2022: Gold (Sixo & Irem)
- 2022: Fading Rose
- 2023: Nach e Schrëtt
- 2023: Look at Me
- 2023: I Love You?
- 2024: Turkish Delight
- 2024: Taylor Songs
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ rtl.lu: D'Irem an der Emissioun ArtBox (25. Juni 2023)
- ↑ 2,0 2,1 eldo.lu: Nei Single vum Irem (26. Mee 2023)
- ↑ rtl.lu: "Eis Stëmmen": Irem "Nach e Schrëtt" (4. Abrëll 2023)
- ↑ Episode vun "Eis Stëmmen" op rtl.lu
- ↑ rtl.lu: Am Takt: Irem, Dreamcatcher & DJ Cavallino (19. Juni 2023)
- ↑ EurovisionNemo aus der Schweiz gewinnt, Luxemburg holt Platz 13 vum Jessica Oé (12. Mee 2024)
- ↑ eurovision.tv: Malmö 2024 - Jurors (gekuckt den 11. Januar 2025)