Irmgard vu Limburg

Vu Wikipedia
Irmgard vu Limburg
Gebuer 1250
Gestuerwen Juni 1283
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Rainald I.

D'Irmgard vu Limburg (fr.: Ermengarde), gestuerwen 1283, war vun 1279 bis zu hirem Doud, 1283, Herzogin vu Limburg.

Si war d'Duechter vum Herzog Walram V. vu Limburg an der Judith vu Kleve.

1276 huet si sech mam Rainald I. vu Geldern († 1326) bestuet, ma si krute keng Kanner. No hirem Doud koum et zum Sträit ëm d'Ierfschaft vum Herzogtum Limburg, dee bis an d'Schluecht vu Worringen eskaléiert ass (a mat dëser entscheet gouf).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]