Isaac Roberts

Vu Wikipedia
Isaac Roberts
Gebuer 27. Januar 1829
Gestuerwen 17. Juli 1904
Nationalitéit Wales, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Ingenieur, Fotograf
Member vun Royal Society
Dem Isaac Roberts säin Observatoire an Haus zu Crowborough, Sussex

Den Isaac Roberts, gebuer de 27. Januar 1829 zu Groes, Denbighshire, Wales a gestuerwen de 17. Juli 1904 zu Crowborough, Sussex, England war e waliseschen Astronom, an e Pionéier um Gebitt vun der Fotografie vun astronomeschen Niwwelen. Hie war Member vun der Liverpool Astronomical Society an der Royal Geological Society. De Roberts gouf 1895 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society geéiert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Roberts war de Bouf vum Bauer William Roberts, vu Groes am Denbighshire, wou hien en Deel vu senger Kandheet verbruecht huet. Hie koum duerno op Liverpool, wou hien 1844 bei John Johnson & Son, a spéider bei Johnson & Robinson, engem Ingenieursbüro fir Mechanik geléiert a geschafft huet. 1847 gouf hie Compagnon vun der Firma. Nieft senger Aarbecht huet hien och nach eng Owesschoul besicht. Nom Doud vum Peter Robinson am Joer 1855 gouf de Roberts Manager vun der Firma. Mam Doud vum anere Partner, dem John Johnson, gouf de Roberts Direkter. Hie war erfollegräich an hat de Ruff, ee vun de beschten Ingenieuren aus der Géigend ze sinn.

Den Isaac Roberts huet seng éischt Fra Ellen Anne am Joer 1875 bestuet.

1878 hat de Roberts e 7-Zoll-Refrakter kaf. Den Teleskop hat hien a sengem Haus zu Rocky Ferry, Birkenhead opgestallt. 1883 huet hien ugefaange mat der Astrofotografie z'experimentéieren. Ufanks huet hie Porträtsobjektiver mat Duerchmiesser bis 20 cm agesat. Motivéiert duerch d'Resultater huet hien dann e 50-cm-Newton-Teleskop mat versëlwertem Glasspigel kaf. D'Fotosplack hat hien dann direkt am Primärfokus, 2,50 m vum Spigel ewech, montéiert. Zwee Joer méi spéit huet hien dunn en Observatoire opgeriicht.

Mat deem Instrument sinn him bedeitend Fortschrëtter um jonke Gebitt vun der Astrofotografie gelongen. Am follgende Joer hat hien 200 Fotoe vu Stären, dem Orionniwwel, der Andromedagalaxie a vun de Plejade gemaach.

1901 huet den Isaac Roberts déi bal 30 Joer méi jonk US-amerikanesch Astronomin Dorothea Klumpke bestuet, déi mat sengem Wierk no sengem Doud weidergefuer ass an 1929 en Atlas mat sengen Niwwel-Fotoe publizéiert huet.

De Roberts ass 1904 onerwaart zu Crowborough, Sussex, England am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Seng Äsche goufen zu Crowborough bäigesat, a fënnef Joer méi spéit op de Flaybrick Hill Cemetery, Birkenhead iwwerfouert. De Roberts war e Patriot vu Wales, an huet déi walisesch Sprooch säi Liewe laang geschwat. Hien huet der Cardiff Universitéit, der Bangor Universitéit, an der University of Liverpool grouss Geldzomme vermaach. Op sengem Graf steet:

In memory of Isaac Roberts, Fellow of the Royal Society, one of England's pioneers in the domain of Celestial Photography. Born at Groes, near Denbigh, January 27, 1829, died at Starfield, Crowboro, Sussex, July 17, 1904, who spent his whole life in the search after Truth, and the endeavour to aid the happiness of others. Heaven is within us. This stone is erected in loving devotion by his widow Dorethea Roberts née Klumpke.

Um Granitmonument vu sengem Graf sinn (nieft egyptesche Motiver) den Andromedaniwwel an de kaliforneschen Niwwel NGC 1499 agravéiert, déi hien alle béid fotograféiert hat.[1]

Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

De Roberts hat eng automatesch Noféierung vu sengem Teleskop konstruéiert, fir d'Äerdrotatioun auszegläichen a méi laang Beliichtungszäiten z'erméiglechen. Domat war et méiglech, Objete festzehalen, wou Observatioune wéinst hirer schwaacher Liichtkraaft net méiglech war. Seng Fotoe hunn och zu der Opklärung vun der Niwwelstruktur bäigedroen, besonnesch d'Foto vum Andromedaniwwel vum 29. Dezember 1888. Nieft sengem Wierk iwwer Stären, Stärekéip an Niwwelen hat hien och eng Maschinn entwéckelt, déi hien Stellar Pantograver genannt huet. Mat hir war et méiglech Stärepositiounen op Kofferplacken anzegravéieren.

Eng Auswiel vu Biller aus dem Wierk vum Roberts „A Selection of Photographs of Stars, Star-clusters and Nebulae“:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isaac Roberts – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John North Cosmos, University of Chicago Press 2002, S. 521