Op den Inhalt sprangen

Cirrusniwwel

Vu Wikipedia
Cirrusniwwel, NGC 6960, 6974, 6979, 6992, 6995
Foto mat Linnefilter fir ioniséiert Gase: Hα, SII, OIII
Dat lénkst, iwwer der Mëtt hellt Filament gëtt mat NGC 6992 a 6995 bezeechent, déi ugrenzend dorënnerleiend Struktur mat IC 1340; dat rietst hellt Filament mat NGC 6960 an deen donieftleiende Stär mat 52 Cygni. Déi béid Filamenter dertëscht hunn d'Bezeechnung NGC 6974 (uewen an der Mëtt) a riets dovun, eppes méi hell a méi grouss, den NGC 6979.
Stärebild Cygnus (Cyg)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 20h45m38.0s
Deklinatioun +30°42'30"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 7.0 mag
Wénkelduerchmiesser
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 1470 Lj
Absolutten Duerchmiesser 100
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 5. September 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
33, 34
IC 1340
NGC 6960, 6974, 6979, 6992, 6995

Den Cirrusniwwel (och Cygnus Loop oder Schleier-Niwwel genannt) ass eng Usammlung vun Emissiouns- a Reflexiounsniwwelen, op enger Distanz vu ronn 1.500 Liichtjoer am Stärebild Cygnus. Si sinn zesummen d'Reschter vun enger Supernova, déi viru ronn 18.000 Joer geschitt ass. Eng Parti Deeler vum Iwwerrescht hu verschidden NGC- an IC-Nummeren. Sou gehéieren d'Objeten NGC 6960, NGC 6974, NGC 6979, NGC 6992, NGC 6995 an IC 1340 all zu der selwechter Struktur.

Den Niwwel gouf de 5. September 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Hien hat den Niwwel beschriwwen als: "Extended; passes thro' 52 Cygni... near 2 degree in length; an den ëstlechen Deel als "Branching nebulosity".

Éischt Fotoe goufe schonn Enn vum 19. Joerhonnert vum Isaac Roberts gemaach an och publizéiert. Den Niwwel ass awer trotz senger Gesamthellegkeet vun zirka 7 mag wéinst senger grousser Flächenausdehnung vun 230' × 160' fir Amateurastronomen net liicht z'observéieren; hëllefräich si Linnefiltere fir ioniséiert Gasen, fir hie vum Liicht vun den Hannergrondstären ze trennen.

Foto vun engem Filament (NGC 6992, 6995) vum Roberts mat engem 50 cm Newton-Teleskop, 1899

Fir Wëssenschaftler ass et en idealt Zil, well en net vun aneren Objete virdru verdeckt gëtt. Et gëtt fir vill Ënnersich zu der Gasstruktur an der Gasdynamik vu Supernovaiwwerreschter benotzt, beispillsweis Detailstudie mat dem Hubble-Weltraumteleskop. Ënnersich duerch de Satellit ROSAT weisen, datt de ganzen Niwwel am Röntgenberäich bal d'selwecht wéi eng elektresch Bir liicht.[1] De kompakten Iwwerrescht (Neutronestär, Pulsar, oder schwaarzt Lach) vun der Supernova ass awer net bekannt.[2]

Hubble-Falschfaarwefoto duerch en ettlech schmuelbänneg Filteren (OIII blo; Hα gréng; SII rout)
Filament, an deem Vitessen [3] a ioniséiert Gasen (OV, NV, CIV, HeII)[4] ënnersicht goufen.
Commons: Veil Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Veil Nebula (X-rays)
  2. Uyanıker, B.; Reich, W.; Yar, A.; Kothes, R.; Fürst, E.: Is the Cygnus Loop two supernova remnants?, 2002A&A...389L..61U
  3. Blair, William P.; Sankrit, Ravi; Raymond, John C.: Hubble Space Telescope Imaging of the Primary Shock Front in the Cygnus Loop Supernova Remnant, The Astronomical Journal, 129:2268–2280, 2005
  4. Sankrit, Ravi; Blair, William P.; Raymond, John C.; Long, Knox S.: Hubble Space Telescope STIS Observations of the Cygnus Loop: Spatial Structure of a Nonradiative Shock, The Astronomical Journal, 120:1925-1932, 2000