Iwwer Waasser

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Iwwer Waasser ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Georges Hausemer), deen 1998 bei den Editions Phi erauskoum. Et ass dem Hausemer säin éischte Roman op Lëtzebuergesch.

Wourëms geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Haaptpersonnagë vum Roman sinn de Miwwelvendeur Lex, dee gescheet as, säi Bouf, säi versoffene Kolleg a Kënschtler Jang, an hir Bekannten, Frëndinnen a Frënn, am "Bermudadräieck Esch-Käerch-Letzebuerg, aus deem et keng Höhenflüge, keng phantasievoll Eskapade gëtt, an deem et sech net richteg lieft, mee [ee] sech mat vill Méi „iwwer Waasser" hält." (Treinen)

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer Waasser gouf beim nationale Literaturconcours ausgezeechent.

Kriticken[änneren | Quelltext änneren]

All grouss Hausemer-Obsessiounen vun eiser Zäit, d'Flemm, de Latz, d'Gefill an engem Schäissdram ze sin, ouni ze erwechen, di grouss Problemer vun der Lëtzebuerger Gesellschaft (haaptsächlech d'Dommheet an de Bretz) gi mat sou vill chirurgescher a psychiatrescher Professionalitéit auserneegeholl, dass engem säiteweis d'Aen am Kapp faulen. [...]
[B]eim Liesen entdeckt ee mat Dankbarkeet a Faszinatioun, wéi hei en Otör et fäerdegbréngt vum zolitten Schreifhandwierk an d'Genialitéit eranzekraulen, schéi lues, mee vu Säit zu Säit mat ëmmer méi Kuraasch, Liichtegkeet a Geescht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges Hausemer: Iwwer Waasser. Roman. Iechternach: Editions Phi, 1998. ISBN 3-88865-161-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wéi e groussen, onheemlechen Trëndel. "Iwwer Waasser", dem Georges Hausemer säin éischte Roman op Lëtzebuergesch. In: d'Lëtzebuerger Land, N° 24, 125.06.1998, S. 11:]