J. Geils

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
J. Geils (ouni Datum)

Den John Warren Geils Jr., besser bekannt als J. Geils, gebuer den 20. Februar 1946 zu New York City, New York, a gestuerwen den 11. Abrëll 2017 zu Groton, Massachusetts[1] war en US-amerikanesche Museker. Hie gouf als Gittarist a Grënnungsmember vun der “J. Geils Band” bekannt, déi 1981 mam Lidd Centerfold hire gréissten Hit hat.

J. Geils Band[änneren | Quelltext änneren]

De Geils gouf zu New York gebuer an ass zu Morris Plains opgewuess.

1967 huet den J. Geils de Bluestrio “J. Geils Band” gegrënnt, déi sech an der Originalbesetzung aus him selwer (Gesang, Gittar), dem Danny Klein (Dr. Funk) (Bass) an dem Magic Dick (Richard Salwitz) (Mondharmonika) zesumme gesat huet. E puer Joer méi spéit koumen de Peter Wolf (Gesang), den Trombonist Justman (Keyboard) an de Stephen Jo Bladd (Batterie) derbäi a si hunn sech zu enger Rockband entwéckelt. Nodeems sech d'Band 1985 opgeléist hat, koum et awer 2006 zu enger Neigrënnung.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Den J. Geils huet op folgend E-Gittare gespillt:

  • Gibson ET-335
  • Gibson Flying V
  • Gibson Les Paul
  • Fender Telecaster
  • Fender Stratocaster

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Le guitariste américain J. Geils est décédé à 71 ans op 5minutes.lu, gekuckt den 12. Abrëll 2017