Jacques Marie Bellwald

Vu Wikipedia
Versioun vum 14:39, 10. Jul. 2007 vum Fliedermaus (Diskussioun | Kontributiounen) (Kat.: Lëtzebuergesch Fotografen).

De Jacques Marie Bellwald (10. September 1871 zu Bech-Maacher - 24. Abrëll 1945 zu Iechternach) war e lëtzebuergesche Foto- a Filmpionéier.

Hien huet zu Paräis éischt Erfarunge mam Medium Fotografie gemaach, a goung dann an der Stad bei de Charles Bernhoeft an d'Léier. No sengem Bestiednes huet hie sech zu Iechternach als Fotograf etabléiert an do den 18. Oktober 1896, am Hôtel du Cerf fir d'éischt zu Lëtzebuerg eng Filmvirféierung organséiert. Gewise gouf ënner anerem deen alleréischte Film iwwerhaapt, L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière. E puer Deeg drop, den 22. Oktober, huet en déi selwecht Filmer an der Stad, an der Villa Louvigny gewisen.

Hie war och Auteur vun zwéin Touristeguiden, engem Bichelchen iwwer d'Sprangprëssessioun an enger 1.500 - 2.000 Postkaarten.

Säi Wierk

  • Album-Guide de la Petite Suisse luxembourgeoise. 1898.
  • La Moselle luxembourgeoise et Mondorf-les-Bains. Ouni Datum (no 1898).
  • St. Willibrord und die Springprozession, 1902.

Um Spaweck