Jacques Meyers (Auteur)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Jacques Meyers. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jacques Meyers. |
Jacques Meyers | |
---|---|
Gebuer | 1862 |
Gestuerwen | 8. Juli 1916 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Jacques Meyers, gebuer den 12. September 1862[1] zu Bungeref, a gestuerwen den 8. Juli 1916 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
Nom Kolléisch a Seminaire an der Stad goung hien op Léiwen a Berlin studéieren. Duerno huet hien am Iechternacher Kolléisch, dunn am Kolléisch, an duerno um Cours supérieurs enseignéiert.
De Jacques Meyers war 1900 Matgrënner a gouf Sekretär vun der Université populaire. Ausserdeem huet hien hir Zäitschrëft, d'Revue luxembourgeoise, mat erausginn, an doran Artikele publizéiert.
Hien huet eng sëllege Konferenzen doruechter gehalen, a war ë. a. Haaptriedner um "Katholikentag" 1905 zu Stroossbuerg. An den Diskussiounen am Virfeld vum Schoulgesetz vun 1912 war hien e vehemente Verfechter vun der Positioun vun der Droite.
Auszeechnungen[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- Aigle Rouge de Prusse
- Officier d'Académie
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Quell
[änneren | Quelltext änneren]- Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, Lëtzebuerg, Verlag J.P. Krippler-Muller, 1980, S.201.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 61.
- ↑ Doudesannonce vuM Jacques Meyers am Luxemburger Wort vum 8. Juli 1916 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 28.06.2015.