Jadranka Kosor

Vu Wikipedia
Jadranka Kosor
Gebuer 1. Juli 1953
Nationalitéit Kroatien
Aktivitéit Journalist, Politiker, Dichter, Schrëftsteller
Partei Kroatesch demokratesch Unioun, keng

D'Jadranka Kosor den 1. Juli 1953 zu Pakrac a Kroatien, ass eng kroatesch Politikerin a fréier Journalistin. Si gouf de 6. Juli 2009, nom Récktrëtt vum Ivo Sanader, als éischt Fra an deem Amt, Premierministesch vun der kroatescher Regierung. 2011 gouf hir Regierung no Parlamentswalen duerch déi sougenannt Kukuriku-Koalitioun, déi d'absolut Majoritéit krut, ofgeléist.

D'Jadranka Kosor huet zu Zagreb studéiert an zanter 1972 als Journalistin fir ë. a. Večernji list, enger Zagreber Dageszeitung, a Radio Zagreb geschafft. Si war och kuerz Korrespondentin fir d'BBC wärend dem Kroatien-Krich.

1995 gouf si an de Sabor, dat kroatescht Parlament, gewielt a war zäitweileg Vizepresidentin vum Parlament. Am Dezember 2003 gouf si Vizepremièreministesch a Ministesch fir Famill, Solidaritéit tëscht de Generatiounen a fir d'Ancien-combattanten.

2005 war si Kandidatin fir Staatspresidentin ze ginn, huet déi Walen awer am zweeten Tour verluer.

Nom Récktrëtt vum Premier Sanader gouf si de 6. Juli 2009 Premierministesch vu Kroatien. Hiren Nofollger am Amt gouf den 23. Dezember 2011 de Zoran Milanović.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Dobar dan-ovdje Hrvatski radio, Turistkomerc 1993.
  • Dobar dan, kako ste?, Školska knjiga 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jadranka Kosor – Biller, Videoen oder Audiodateien