Janthina janthina

Vu Wikipedia
Janthina janthina
En Exemplar mam Loftsak aus Schläim

En Exemplar mam Loftsak aus Schläim
En Exemplar mam Loftsak aus Schläim
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Mollusken
Klass: Gastropoda
Uerdnung: Sorbeoconcha
Ënneruerdnung: Hypsogastropoda
Iwwerfamill: Epitonioidea
Famill: Janthinidae
Gattung: Janthina
Wëssenschaftlechen Numm
Janthina janthina
Linnaeus, 1758

5 Vuë vum Haische vun der Janthina janthina.

D'Janthina janthina ass eng Schleekenaart aus der Gattung vun de Janthina bannent der Famill vun de Janthinidae. Si hunn en Haische mat enger mofer Faarf, a liewe pelagial, d.h. am oppene Mier, andeems se sech op der Surface dreiwe loossen, an zwar mat Hëllef vun enger Zort "Loftmatrass" aus chitinhaltegem Schläim, deen se selwer produzéieren, an un deem se ënnendrënner hänken. Si erniere sech vun Nesseldéieren, absënns vu Jelliskäpp.

D'Janthina janthina kënnt an den temperéierte bis tropesche Breete vun dräi Ozeanen, an och am Mëttelmier, vir. [1],[2]

D'Haischen, dat ganz dënn ass, gëtt bis zu 31 mm héich, d'Lach dovu bis zu 22 mm weit. De Schleek huet e grousse Kapp op engem ganz beweeglechen Hals. Déi ganz kleng Ae sëtzen op der Basis vun de Fühleren.

De Schleek ass fir d'éischt e Männchen a gëtt da méi spéit e Weibchen. D'Eeër entwéckle sech am Eeleeder vum Mammendéier, bis dës opplatzen an d'Veliger-Larven ausgestouss ginn. Dës Veliger-Larve liewen dann als Zooplankton, bis sech dodraus e fäerdege Schleek entwéckelt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Douglas P. Wilson and M. Alison Wilson (1956): A contribution to the biology of Ianthina janthina (L.) (PDF; 9,8 MB). Journal of the Marine Biological Association of the United Kingdom, vol. 35, pp. 291–305.
  • Carol M. Lalli, Ronald W. Gilmer: Pelagic Snails. The Biology of Holoplanktonic Gastropod Mollusks. Stanford University Press, Stanford (California) 1989. Chapter 2, pp. 8–26: The Janthinid Snails: Raft Builders.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Janthina janthina – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gofas, S. (2009). Janthina janthina (Linnaeus, 1758). In: Bouchet, P.; Gofas, S.; Rosenberg, G. (2009). Kuckt och World Marine Mollusca database. World Register of Marine Species
  2. Brockhaus' kleines Konversationslexikon, 1911