Jean-Baptiste Lully

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean-Baptiste Lully
Jean-Baptiste Lully.jpeg
Gebuer 28. November 1632
Florenz
Gestuerwen 22. Mäerz 1687
Paräis
Doudesursaach Gangreen
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Choreograph, Violonist, Musekspedagog, Ballettdänzer, Museker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Baptiste Lully, gebuer den 28. November 1632 zu Florenz als Giovanni Battista Lulli a gestuerwen den 22. Mäerz 1687 zu Paräis, war en italieneschen, duerno franséische Komponist a Balletdänzer, deen de gréissten Deel vu sengem Liewen um Haff vum Louis XIV. geschafft huet.

1653 gouf de Louis de Lully, deen ufanks vum Mazarin ënnerstëtzt gouf, zum Compositeur de la musique instrumentale ernannt, a 1661 zum Surintendant de la musique du roi. Déi zwéi stounge laang a Frëndschaft mateneen.

De Lully huet vu 1664 bis 1671 mam Molière zesummegeschafft, an d'Musek fir Ballet-Comedië geschriwwen (déi bekanntst si Les amants magnifiques, Le Bourgeois Gentilhomme a Psyché), souwéi fir aner prunkvoll Feierlechkeete mat deenen den Haff sech ameséiert huet. Ausserdeem huet hien d'Musek fir d'Balleten um Haff komponéiert.

1672 huet de Lully dem Pierre Perrin, engem Librettist, deen duerch seng Intrige faillite gaange war, d'Rechter vu sengen Texter ofkaf, a sech d'Exklusivrecht geséchert, Operen um Haff dierfen opzeféieren, sou datt en do d'Muecht iwwer alles hat, wat mat Opféierungen oder Concerten ze dinn hat.

Hien huet an de Joren duerno eng ganz Rëtsch tragesch Opere komponéiert an opgefouert, wéi Cadmus et Hermione (1673), Alceste (1674), Thésée (1675), Atys (1676) an Isis (1677). Duerno koume Psyché (1678), Bellérophon (1679), Proserpine (1680) a Le Triomphe de l'Amour (1681), dat leschtgenannt ass dat bekanntst Wiek vum Lully.

1682 ass den Haff op Versailles geplënnert, an de Lully huet Persée fir déi Geleeënheet opgefouert. Dat Stéck mam gréisste Succès, Amadis, koum 1684 eraus. Et gouf bis zum Louis sengem Doud all Joer gespillt.

Duerno ass et awer mam Lully senger Gonscht beim Kinnek biergof gaangen: Dem Louis seng Maîtresse, d'Madame de Maintenon, hat eppes souwuel géint dem Lully seng Musek, wéi och géint de Lully selwer (deem seng Homosexualitéit se net toleréiert huet). Ënner hirem Afloss wollt de Louis ëmmer manner mat him ze dinn hunn. De Lully huet z. B. 1686 seng nei Oper Armide missen zu Paräis an net um Haff zu Versailles opféiere loossen.

Hien huet nach e puer Stécker geschriwwen, déi de Kinnek ëmgaachele sollten, wéi Acis et Galatée (1686) oder en Te Deum, dat e geschriwwen hat, wéi de Kinnek schwéier krank war. Bei der Première dovun, den 8. Januar 1687 an der Église des Pères Feuillants, huet de Lully sech mam Taktbéngel sou onglécklech op de Fouss geschloen, datt deen entzünt ass an de Lully e puer Méint drop un de Suiten dovu gestuerwen ass.

Dem Lully gëtt haut e groussen Afloss op d'europäesch Musekslandschaft vum spéide 17. Joerhonnert attestéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Baptiste Lully – Biller, Videoen oder Audiodateien