Madame de Maintenon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Madame de Maintenon

D'Françoise d'Aubigné, gebuer de 27. November 1635 zu Niort a gestuerwen de 15. Abrëll 1719 zu Saint-Cyr, war eng Maîtresse a spéider och geheim Fra vum Louis XIV. (16381715), dem Kinnek vu Frankräich a vun Navarra. Si ass besser bekannt als Madame de Maintenon.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

D'Françoise d'Aubigné koum am Prisong vun Niort op d'Welt, wou hire Papp, den Hugenotte Constant d'Aubigné, Jong vum Schrëftsteller Théodore Agrippa d'Aubigné, wéinst senge Scholden agespaart war. Hir Mamm war ze jonk an hat keng Suen an huet dofir mat hirem Mann a senger Zell gelieft. Obschonn kathoulesch, huet d'Françoise d'Aubigné hir Kandheet bei hirer protestantescher Tatta, der Madame de Villette, am Schlass vu Mursay am haitegen Departement Deux-Sèvres verbruecht. Duerno ass si mat hiren Elteren an d'Martinique geplënnert, wou hire Papp zum Gouverneur vu Marie-Galante ernannt gi war. Dohier koum hire Spëtznumm Belle Indienne. Nodeem hire Papp verschwonne war, ass d'Françoise d'Aubigné 1645 nees a Frankräich zréckkomm. Si gouf vun hirer Giedel opgeholl, der Madame de Neuillant. Déi huet hir eng Plaz bei den Ursulinerinnen organiséiert, fir datt si op en Neits sollt kathoulesch ginn an de calvinistesche Glawe fale loossen.

Éischt Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 1652, am Alter vu 16 Joer, huet si sech mam Schrëftsteller an Dichter Paul Scarron (1610–1660) bestuet. Hie war e Protégé vun der Madame de Neuilland, schwéier handicapéiert a 25 Joer méi al. Si ware bis zum Paul Scarron sengem Doud matenee bestuet. Hien hat hir virgeschloe si ze bestueden, oder hir e Klouschter ze bezuelen. Während hirem Bestietnes war d'Françoise d'Aubigné Animatrice vun engem Salon, an dee vill Schrëftsteller vun hirer Zäit komm sinn. Doduerch konnt si sech en zolitte Reseau vu Relatioune mat de grousse Geeschter vun hirer Zäit opbauen, dorënner och d'Athénais de Montespan ("Madame de Montespan").

Am Alter vu 25 Joer war si scho Witfra. Och wann de Scarron hir eng grouss Kultur méi no bruecht hat, sou huet hien hir awer kee Verméigen hannerlooss. Aus hirem Bestietnis konnt d'Françoise d'Aubigné awer nach vun hir Relatioune profitéieren. D'Anne vun Éisträich zum Besipill huet hir eng kleng Pensioun zoukomme gelooss. Nom där hirem Doud gouf d'Pensioun vun der Madame de Montespan, déi deen Ament nach net "Favorite" vum Kinnek war, bäibehalen; déi zwou Fraen hate sech beim Maréchal d'Albret kennegeléiert.

Am Déngscht vun dem Kinnek senge Kanner[änneren | Quelltext änneren]

D'Madame de Maintenon mat zwee Kanner vun der Madame de Montespan

Am Joer 1669 ass d'Françoise d'Aubigné d'Gouvernante vun den illegitime Kanner vum Louis XIV. mat der Madame de Montespan ginn. Virdrun hat si refuséiert, d'Dame de compagnie vun der Kinnigin vu Portugal ze ginn. Si huet sech zu Vaugirard installéiert, an do fir d'éischt de Kinnek begéint, deen eemol no senge Kanner kucke komm ass. 1673 sinn d'kinneklech Baaschterte legitiméiert ginn a si koum op en Neits un den Haff. Hir richteg Relatioun mam Kinnek huet 1675 ugefaangen, an de Louis XIV huet Folgendes a säi Journal geschriwwen:

"Il y a quelques jours, un gentilhomme de gris vêtu, peut-être un prince errant incognito entreprit durant la nuit une nymphe égarée dans le parc de Saint-Germain. Il savoit le nom de cette nymphe qu'elle étoit belle, bonne, pleine d'esprit mais sage. La nymphe cependant se laissa faire et ne lui refusa aucune faveur. Cette nymphe ressemblait à s'y méprendre à Mme Sc.; et je crois deviner qui étoit le prince vêtu de gris. Ce prince est comme moi, il déteste les femmes légères, il honnit les prudes, il aime les sages."

Am selwechte Joer huet de Kinnek si zu der "Marquise de Maintenon" ernannt.

1680 huet de Kinnek si zur zweeter Dame d'atours vun der Dauphine gemaach. Während si dës Charge hat, ass si op Barèges gefuer, fir de kranken Herzog vu Maine ze fleegen, ee vun dem Kinnek senge Kanner. Hir Faveur beim Kinnek ass doduerch immens gewuess.

Geheim Hochzäit mam Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

D'Madame de Maintenon (1694)

D'Madame de Montespan huet d'kinneklech Faveur ëmmer méi verluer, net zulescht duerch hir Implikatiounen an der Affär vun de Gëfter (Affaire des poisons). Den 30. Juli 1683 ass dem Louis XIV. seng Fra Maria Theresia vun Éisträich gestuerwen an de Kinnek huet d'Madame de Maintenon an der Nuecht vum 9. op den 10. Oktober 1683 heemlech bestuet. D'Bestidnis war e Geheimnis bliwwen, mä um Haff goufe sech Froe gestallt. Den Ezechiel Spanheim, Ambassadeur vu Brandenburg, huet geschriwwen:

"[...] ce commerce (entre le roi et la marquise), qu'on attribua longtemps qu'à une pure estime et aux seuls agréments de l'esprit et de l'humeur de la dame, a paru si grand et si particulier dans la suite, que le bruit sourd se répandit que le roi l'avait épousée secrètement [...]. Cette créance qui fut d'abord prise pour une ces chimères de cour à tourner en ridicule un attachement si extraordinaire dans la suite n'a point paru mal fondé à la plupart des gens mais avoir même d'assez grands préjugés pour l'affirmer. Ceux qui en sont persuadés [...] ne peuvent que l'imputer au penchant du roi à la dévotion, à une mortification de ses sens, à une pénitence de ses amours criminels, et à une conduite particulière par où elle a su engager en premier lieu toute l'amitié et la confidence de Sa Majesté, et en suite, par crainte de retomber en ses faiblesses passées, ou par la considération même de ses infirmités suivies, la porter (si ces bruits sont véritables) à en faire non seulement sa confidente mais sa femme légitime.".

Während d'Madame de Maintenon um Haff war, goufen d'Devotioun an d'Rigeur grouss geschriwwen. Hier gouf e groussen Afloss nogesot, ënner anerem an der Decisioun, déi 1685 zur Revokatioun vum Edikt vun Nantes gefouert huet (1685). Si hätt och eng wichteg Roll beim Ausléise vum Spueneschen Ierffollegkrich (1701) gespillt. Vill Historiker hu sech Froen iwwer d'reell Influenz vun der Madame de Maintenon gestallt. Si hätt sécher eng grouss Roll gespillt, mä et wier awer och falsch, hir all schlecht Entscheedunge vum Louis XIV. nozesoen.

1715, dräi Deeg ier de Kinnek gestuerwen ass, huet si sech op Saint-Cyr zréckgezunn. Do hat si 1686 d'Maison royale de Saint-Louis gegrënnt, eng Schoul fir jonk adeleg Meedercher, déi awer knapps méi wéi den Adelstitel haten, an déi bis 1790 bestoung. Si huet bis zu hirem Doud zu Saint-Cyr gelieft.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Madelaine Daniélou, Madame de Maintenon : éducatrice, Bloud & Gay, 1946.
  • Julien Guelfi, Madame de Maintenon : 1635-1719, Hermès, Lyon, 1986 (ISBN 2-85934-155-2)
  • Jean-Paul Desprat, Madame de Maintenon (1635-1719) ou Le prix de la réputation, Le Grand Livre du Mois, Paräis, 2003 (ISBN 2-7028-8643-4)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madame de Maintenon – Biller, Videoen oder Audiodateien