Jean-Luc Lehners
Jean-Luc Lehners | |
---|---|
Gebuer | 1978 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Astrophysiker |
De Jean-Luc Lehners, gebuer 1978, ass e lëtzebuergeschen Astrophysiker.
Hien huet Physik a Mathematik um Imperial College zu London an op der Universitéit vu Cambridge studéiert wou hien 2005 promouvéiert huet. Vun 2005 bis 2007 war hie wëssenschaftleche Mataarbechter am Department of Applied Mathematics and Theoretical Physics vun der University of Cambridge.
Hien huet vun 2007 bis 2010 als Postdoktorand am Princeton Center for Theoretical Science vun der Princeton Universitéit geschafft.
2010 war hien als Postdoktorand um Perimeter Institute for Theoretical Physics zu Waterloo, Ontario.
Zanter 2010 leet hien eng Aarbechtsgrupp um Max-Planck-Institut für Gravitationsphysik (Albert-Einstein-Institut) zu Potsdam-Golm déi am Beräich vun der Stringkosmologie fuerscht.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Am November 2018 huet de Jean-Luc Lehners säi Kanner- a Jugendbuch Buch Die Erde ist mein Raumschiff: Eine kurze Einführung in das Weltall für Kinder und Jugendliche presentéiert. D'Buch gëtt un d'Schüler vum Cycle 4 aus der Grondschoul verdeelt fir hinnen op eng einfach Aart a Weis eist aktuellt Wëssen iwwer d'Universum z'erklären[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Jean-Luc Lehners op der Websäit vum Albert-Einstein-Institut (en)
- De Jean-Luc Lehners op der Websäit vum Princeton Center for Theoretical Science (en)
- Reportage iwwer de Jean-Luc Lehners a säi Buch Die Erde ist mein Raumschiff den 22. November 2018 am Journal op RTL, gekuckt op rtl.lu den 22. November 2018
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Vorstellung des Buches „Die Erde ist mein Raumschiff“ von Dr. Jean-Luc Lehners op script.lu, fir d'lescht gekuckt den 22. November 2018